Commentaire vum Michèle SinnerSchülerprotester a Frankräich: Keng kannereg Demanden

Michèle Sinner
Zanter iwwert zwou Woche mobiliséiere Lycéesschüler uechtert Frankräich a blockéieren hir Schoulen. E Méindeg waren eng 400 Lycéeën zou an haut ass eng Journée de mobilisation annoncéiert. D'Michèle Sinner staunt a sengem Commentaire iwwert de Schüler hiren Optimismus.
© RTL

De Commentaire vum Michèle Sinner

Dat ass vläicht keng offensichtlech Conclusioun bei de Biller vun der Gewalt an deene leschten Deeg - op verschiddene Plazen huet d'Léierpersonal sech alt tëscht Schüler a Police gestallt, fir z'evitéieren, datt Kanner vu CRSe gebeetscht ginn. Ëm 6.000 Leit goufen an tëscht interpelléiert, iwwert 90 Prozent dovu ware Mannerjäreger.

Datt et zu Gewalt komm ass, bei där esou wuel Schüler, Léierpersonal a Poliziste blesséiert goufen, hunn d‘Vertrieder vun de Schülergewerkschafte schaarf condamnéiert. Well se dogéint sinn, déi Gewalt vun hire Fuerderungen oflenkt a si justement keng Bëllesse sinn. Hir Spriecher, si méi eloquent a prezis, wéi den Duerchschnëtt vun eisen Deputéierten a Minister. 

Hir Fuerderunge si legitim. Si froe méi a besser bezuelte Proffen, si froe Gebaier, déi net vétuste sinn, si froen e besseren Accès zum Enseignement supérieur. An si fuerderen och ëmmer nees, datt d'Inegalitéiten ofgeschaaft ginn, tëscht sozioekonomesch schwaachen a räiche Géigenden, well an deenen éischten d'Gebaier méi futti sinn a méi Proffe feelen, wéi an deenen aner, wou méi blatzeg wäiss Gesiichter an der Klass setzen. 

Am Resumé: Si fuerderen, datt de Bildungssystem hinnen déi sozial Mobilitéit erméiglecht, déi ee sech net just vun enger egalitärer a bridderlecher Republik, mee iwwerhaapt an enger westeuropäescher Sozialdemokratie kéint erwaarden. 

Si fuerderen eng Zukunftsperspektiv. Dat ass bei Leiwe keng kannereg Demande. Si versichen, sech géint déi politesch Recuperatioun vun hirer Mobilisatioun ze wieren: Raten um Gank, futtis Toiletten, Coursen, déi wochelaang ausfalen. Dat gesi si selwer, ouni, datt een hinnen et flüstert. 

Datt déi franséisch Regierung d'Kanner weder mat nach ouni Gewalt Meeschter gëtt, läit ganz einfach do drun, datt et keng séier Solutioune gëtt. Just där, déi Geld kaschten, dat net do ass. Et war jo fir ze spueren, datt an deene leschte Joren déi dausenden Enseignanten ofgebaut goufen, déi elo feelen. Dat stellt och kaum een a Fro an ass laang gewosst. Datt d'Jugend elo op d'Strooss geet, läit also och do drun, datt soss keen nolauschtert an den demokratesche Strukturen, mat deenen een dann alt kann d'Flemm kréien. 

Ëmsou méi remarkabel ass et, datt eng vermeintlecht flemmseg Generatioun, vun där et heescht, se wier Ecran-lobotomiséiert a liddereg, fir Zukunftsperspektive kämpft. Hir Zukunftsaussiichte sinn nämlech alles anescht ewéi roseg dank Krisen, Kricher a Klimawandel  - och wann deen et erméiglecht, nach am Hierscht op d'Strooss ze goen. Datt Jonker sech wëlle qualifizéieren, obwuel hinne gesot gesot, datt d'KI hir Schaff kritt voire d'Mënschheet ausläscht nach ier si d'Zäit hunn, hire Bac ze maachen, dat weist justement, datt se vill méi determinéiert wéi resignéiert sinn.  

Vu Lëtzebuerg aus gekuckt, mam deiersten Educatiounssystem op der Welt, wierkt dat kuriéis, datt Schüler besser Paie fir hir Proffe froen. Mä eise System leescht sech nieft den décke Paien och nach de Luxus, d'Inegalitéiten ze zementéieren an ze verstäerken, wéi Pisa gewisen huet. Eis Educatioun bitt trotz héije Fraise keng Opstigschancen fir déi, déi se net vun doheem aus hunn. Eis Politik wier also gutt beroden, dee Probleem unzegoen, an nozefroen, wat eis Kanner brauchen, ier déi mierken, datt dat duebel onfair ass, den Ecran ewech leeën a rose ginn.   

Back to Top
CIM LOGO