Corona-KrisWeiderhin turbulent Zäiten um Pëtrolsmarché

RTL Lëtzebuerg
Nodeems zanter e Méindeg virun allem US-amerikanesche Réi-Uelech ënner Drock stoung, huet et elo och déi europäesch Zort Brent erwëscht.

De Präis fir ee Barrel, also 159 Liter, war e Mëttwoch zäitweis op 15,98 Dollar gefall, den déifste Stand zanter 1999. Konnt dunn awer nees liicht unzéien.

Déi dramatesch Situatioun um Pëtrols-Maart ass bedéngt duerch eng massiv Baisse bei der Nofro duerch d’Corona-Kris, gekoppelt mat enger vill ze grousser Offer an de Lagerkapazitéiten, déi geschwë saturéiert sinn.

Mëttlerweil gëtt souvill Pëtrol wéi quasi ni virdrun op groussen Tank-Schëffer gelagert, déi u sech fir d’Distributioun virgesi sinn.

Back to Top
CIM LOGO