
D’chinesesch Regierung huet den 28. Mäerz e strikte Lockdown decidéiert. No 2 Woche gëtt et e Manktem u Liewensmëttel. Et gouf éischt Protester an engem Land, wou dat soss ëmmer streng ënnerbonne gëtt.
Peking huet liicht Lackerungen an Aussiicht gestallt, notamment Reouverturen a gewëssen Zonen, mä ënnert strenge sanitäre Konditiounen.
D’USA hunn awer souguer hirem net-essentiele Personal um Konsulat zu Shanghai den Uerder ginn d’Metropol ze verloossen.