
Geschitt ass dat Ganzt an der gréisster Stad vum Land Karachi. Zwou Wochen huet et gedauert, bis d’Déiere vun enger Déiereschutzorganisatioun gerett goufen. Et huet ee se bis virun d’Dier héiere jäizen, sot den Ayesha Chundrigar vun Animal Rescue.
“Wéi mir an d’Geschäft komm sinn, war de Gros vun de bal dausend Hausdéieren dout, ronn 70 Prozent hunn et net iwwerlieft.” Déi aner Déiercher souze verstéiert tëscht den Doudegen.
De Lockdown am Pakistan ass streng, esou hunn d’Besëtzer vun de Geschäfter och net zeréck an hir Butteker dierfen. Verschiddener sinn awer erausgeschlach, fir d’Déieren ze fidderen. Hei war dat awer net de Fall.

No dëser Rettungsaktioun huet d’Déiereschutzorganisatioun elo eng Ufro bei der Regierung gemaach, datt Besëtzer vun Déierebutteker no den Déieren dierfte kucke goen.