Food and Agriculture OrganizationWelthonger wäert sech duerch Pandemie verduebelen

Joel Detaille
En Dënschdeg huet d'Welternierungsorganisatioun (FAO), eng Ënnerorganisatioun vun der UNO, en alarmante Chiffer a puncto Welthonger bekannt ginn.

Bis Enn des Joers wiere weltwäit gesinn iwwer 250 Millioune Mënsche vun enger Hongersnout geplot. Momentan wieren et bal 140 Milliounen.

D’Pandemie hätt zu kengem méi schlechten Zäitpunkt kënnen optrieden, heescht et am Rapport, deen e Dënschdeg zu Paräis publizéiert gouf.

Et gëtt geschat, dass all Dag an der Welt méi wéi 21.000 Leit un Ënnerernierung stierwen. Dee Chiffer wäert sech den Experten no an den nächste Méint massiv verschäerfen.

Back to Top
CIM LOGO