
Dat Land, wat am stäerkste betraff ass, ass weiderhin Amerika. An den USA gëtt et entretemps bal 800.000 registréiert Infektiounen.
Virun allem ass de Bundesstaat New York am Nordoste vum Land staark betraff, ronn en Drëttel vun de Fäll gouf et am Staat, an deem jo d’Metropol New York City läit.
Méi ewéi 42.000 Mënsche sinn an den USA un der Longekrankheet COVID gestuerwen. D’Zuele vun den Neiinfektiounen hu sech awer entretemps op héijem Niveau stabiliséiert, respektiv gi liicht zeréck.
Dat alles ass esou um Site www.worldometers.info esou nozeliesen.
De Kontinent, op deem de Virus sech am meeschte verbreet huet, ass awer weiderhin Europa, mat méi ewéi 1,1 Millioune Fäll a méi ewéi 100.000 Doudegen.
Déi meeschte Fäll gouf et a Spuenien. Déi meeschten Doudesaffer an Italien.
Wat beim Bléck op d’Zuelen zum Beispill nach opfält, ass datt Däitschland a Frankräich zwar änlech vill registréiert Infektiounen hunn. D’Zuel vun den Doudesaffer ass am Hexagone awer méi ewéi 4 mol sou héich wéi bei den däitschen Noperen déi aner Säit vum Rhäin.
Wat nach erausstécht, ass datt et bei eise belschen Noperen eng besonnesch héich Zuel un Doudesaffer gëtt. An der Belsch gëtt et bal 6.000 Affer, bei 41.000 registréierten Infektiounen. Dat wier en Taux de mortalité vu ronn 14,5%, woubäi een dat net sou ka behaapten, well d’Donkelziffer eng grouss Roll spillt.
Am Verhältnis zur Gesamtpopulatioun gerechent steet bei den Doudesfäll awer just nach San Marino am weltwäite Verglach méi schlecht do ewéi d’Belsch.
Lëtzebuerg fanne mer an den internationale Statistike mëttlerweil vill méi wäit hannen wéi nach viru puer Wochen, wat positiv ass a wat dru läit, datt d’Neiinfektiounen zeréckgaange sinn. Wat d’Doudesaffer am Verhältnis zur Gesamtbevëlkerung ugeet, steet de Grand-Duché am globale Verglach bësse manner gutt do wéi bei den Infektiounen, nämlech op der Plaz 15. Nees am Verhältnis zur Gesamtpopulatioun gëtt just a 6 anere Länner méi getest wéi zu Lëtzebuerg, am meeschten gëtt dat op Island gemaach.
Zu Europa kann ee generell soen, datt d’Zuel vun den Neiinfektioune déi lescht Deeg stabel blouf, respektiv zeréckgoung.
Russland ass laang verhältnisméisseg echappéiert, an de leschten Deeg sinn d’Neiinfektiounen awer staark eropgaangen.
Südamerika ass bis ewell manner staark betraff, hei huet de Virus sech méi spéit verbreet wéi op anere Plazen. Ma och do schéissen d’Zuele mëttlerweil an d’Luucht, virun allem a Brasilien.
Afrika huet bis ewell niddereg Zuelen, mat 24.000 registréierten Infektiounen an 1.100 Doudesfäll. Um afrikanesche Kontinent gouf bis ewell allerdéngs verhältnisméisseg wéineg getest.
An Asien huet sech d’Situatioun eppes entspaant, virun allem an deene Länner, an deenen de Virus fir d’éischt present war. China mellt haut grad emol 11 nei Fäll. A Südkorea sinn et der 9.
Verhältnisméisseg gutt duerch d’Kris koume bis ewell Australien an Neiséiland. Canberra mellt bis ewell 71 Doudeger, d’Neiinfektioune sinn zënter Wochen immens niddereg. Wellington notéiert änlech gutt Zuelen, um Dënschdeg goufen et an Neiséiland grad emol 5 nei Fäll.
