Johns Hopkins Coronavirus Resource CenterWeltwäit si schonn iwwer 65.000 Mënschen um Coronavirus gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
D'Zuel vun de Mënschen, déi sech mam Virus infizéiert hunn soll der US-amerikanescher Universitéit no elo op iwwer 1,13 Millioune Leit geklomme sinn.

Déi meeschte vun den iwwer 65.000 Doudesfäll goufen an Italie gezielt, dono komme Spuenien, d’USA, Frankräich, Groussbritannien, den Iran a China.

Déi Vereenegt Staate spillen, wat d’Dimensioune vun de Coronavirus-Pandemie ugeet, an enger ganz anerer Liga. Antëscht ginn et an den USA iwwer 312.000 bekannte Corona-Infektiounen. Also wäit méi, wéi an all den anere Länner. Spuenien läit aktuell op der zweeter Plaz mat Ronn 126.000 Infektiounen.

Méi wéi 7.000 Leit sinn an den USA um Coronavirus gestuerwen, woubäi nach ëmmer New York am schlëmmste betraff ass. Hei goufen et bis e Freideg méi wéi 100.000 Infektiounen a knapp 3.000 Doudesfäll.

D’Homepage vun der Johns-Hopkins-Universitéit gëtt reegelméisseg mat neien Zuelen aktualiséiert a weist dohier méi en héije Stand un, wéi zum Beispill déi offiziell Zuele vun der WHO oder der US-Agence CDC.

Back to Top
CIM LOGO