En Dënschdeg huet an der Schwäiz de Weltwirtschaftsforum offiziell ugefaangen, e Rendez-vous op héchstem Niveau, deen dëst Joer ouni Zweifel am Schied vun de geopolitesche Spannunge stoe wäert – virop wat Grönland ubelaangt. Erwaart gi bis e Freideg Delegatiounen aus 130 Staten, dorënner 65 Staats- a Regierungscheffen.
E Mëttwoch wäert den US-Präsident Trump offiziell d’Wuert ergräifen. Am Virfeld huet hie schonn op Kritik vum franséische President Macron, respektiv d’Ausso, datt Frankräich net beim Trump sengem neie Friddensrot matmaache well, reagéiert. “Kee wëll hien, well hie geschwënn net méi am Amt ass. Wann e sech feindlech behëlt, da kommen 200 Prozent Taxen op seng Wäiner a Schampes. An hie wäert matmaachen.”
E Beispill, wéi schaarf den Toun den Ament ass. Hannert de Kulissen an der Schwäiz steet duerfir net just d’Zukunft vu Grönland um Spill, mee doriwwer eraus déi momentan Uerder vun der Welt: d’Legitimitéit vun internationalen Organisatiounen, de Respekt vum Internationale Recht, d’global Gouvernance souwéi och territorial Integritéit.
Den Emmanuel Macron hält wéineg vun der aktueller US-Strategie. “Wa mir eis d’Situatioun ukucken, ass et kloer eng ganz alarmant Zäit, well mir d’Struktur zerstéieren, an där mir gemeinsam Erausfuerderungen, déi mir hunn, kënnen ugoen. Ouni kollektiv Gouvernance gëtt international Zesummenaarbecht duerch onbaarmhäerzeg Konkurrenz ersat.” De franséische President warnt, et géif den USA drëms goen, Europa ze schwächen – d’USA wéilten en Europa, wat sech ënnerwërft.
Europa steet viru kruzialen Entscheedungen, sou de belsche Premier Bart De Wever en Dënschdeg zu Davos. “Mir stinn ënner Drock. Mir si 27 Länner. A wann een ënner Drock steet, kënnen zwou Saache geschéien: Wann ee vu baussen Drock huet, kann ee sech zesummen doen oder an all Richtung explodéieren. An ech mengen, mir sti viru kruzialen Entscheedungen.”
Fir d’Presidentin vun der Europäescher Kommissioun Ursula von der Leyen gëtt et just ee Wee. “Europa muss säi Striewe fir Onofhängegkeet verstäerken. Vu Sécherheet bis Wirtschaft, vu Verdeedegung bis Demokratie. Mir musse mat eise Frënn a Partner op Dialoge setzen. A wann néideg, och mat eise Géigner. D’Welt huet geännert, a mir mussen eis mat hir änneren.”
De Rhythmus, mat deem d’Welt sech den Ament verännert, ass erschreckend. Geopolitesch, mat Ukrain-Russland, Gaza, Iran, Syrien, Venezuela, Grönland, iwwerall huet dëse Mann d’Fanger mat am Spill – an dat ouni am Detail op all d’Handelssträit an ze goen.
Do mellt sech och de chineesesche Vizepremier He Lifeng zu Wuert. Hien huet en Dënschdeg zu Davos opgeruff, de Multilateralismus ze verdeedegen an eng méi gerecht international Wirtschafts- an Handelsuerdnung z’ënnerstëtzen. Den aktuellen, multilateralen Handelssystem géif virun esou groussen Erausfuerderunge stoe wéi et se bis ewell ni ginn hätt.