US-WalenWie verstoppt sech hannert dem Duo Joe Biden-Kamala Harris?

Monica Camposeo
E klenge Portrait iwwert een erfuerene Politiker an eng Fra, déi an d'Geschicht wäert agoen.
Kamala Harris
D’Kamala Harris ass nämlech déi éischt Amerikanerin, déi éischt schwaarz Amerikanerin mat indesche Wuerzelen um Poste vum Vizepresident

Portrait Biden-Harris / Reportage Monica Camposeo

D’Kamala Harris ass nämlech déi éischt Amerikanerin, déi éischt schwaarz Amerikanerin mat indesche Wuerzelen um Poste vum Vizepresident an domadder an den Aen vu villen Amerikaner an Amerikanerinnen dat eigentlecht Symbol vun dëse Walen. “All klengt Meedchen dat den Owend nokuckt, gesäit, datt dëst e Land vu Méiglechkeeten ass”, sot d’Kamala Harris selwer an hirer éischter offizieller Ried als designéiert Vizepresidentin am Delaware e Samschdeg den Owend.

Gebuer gouf d’Kamala Harris den 20. Oktober 1964 zu Oakland a Kalifornien, als Duechter vun enger indescher Kriibsfuerscherin an engem Wirtschaftsprofesser vun Jamaika. Eng Immigrantefamill also. No hiren Etüden zu Washington an a Kalifornien war si déi éischt schwaarz Bezierksprocureur zu San Francisco. 2010 déi éischt weiblech Attorney General, also Justizministesch, a Procureur générale a Kalifornien ier se 2017 an de Senat koum, als zweet Afroamerikanerin iwwerhaapt an der Geschicht. Den Joe Biden ass en alen Hues an der Politik. E Kand vun der amerikanescher “Middle class”, deen als Bouf vun engem Garagist am Rust Belt, zu Scranton am Pennsylvania gebuer ass. Mat 29 Joer gëtt hien 1972 eng éischte Kéier an de Senat gewielt, wou hien den Delaware bis 2009 vertrëtt. Seng Victoire awer gëtt vun enger perséinlecher Tragedie an de Schied gestallt, wéi seng éischt Fra a seng Duechter vun engem Joer kuerz no der Ofstëmmung 1972 an engem Autosaccident stierwen. Seng zwee Bouwe gi blesséiert. Als Senateur pendelt de Biden als Monoparental mam Zuch tëscht Washington a senge Kanner am Delaware hin an hier.

Volleksno, empathesch a verstänneg, sou gëtt sech den Demokrat, dee mat senge ganz geschwënn 78 Joer den eelste President vun allen Zäite wäert ginn. Kritiker reprochéieren him net ëmmer op der Héicht ze sinn, midd ze sinn an Aussetzer ze hunn.

Als Kand huet den Joe Biden getuddelt. Eng éischt Kandidatur fir d’Presidentiellen 1987 klappt net, 2008 huet hien och keng Chance géint de charismateschen Barack Obama, deen duerno säi “Brudder Joe”, wéi hien en nennt, an d’Boot hëlt.

Den Duo Obama-Biden klappt d’Republikaner John McCain a Sarah Palin däitlech a steet am ganzen 8 Joer un der Spëtzt vun de Vereenegte Staaten. Elo also ass de fréiere Mann aus der zweeter Rei d’Nummer 1 am Oval Office.

© RTL-Grafik

RTL-Artikel: Kandidat bei den US-Walen - Joe Biden, e Mann vun der Mëtt

Back to Top
CIM LOGO