Kandidat bei den US-WalenJoe Biden, e Mann vun der Mëtt

RTL Lëtzebuerg
Mam Kamala Harris als Vize-Presidentin wëll den Joe Biden den Donald Trump aus dem Wäissen Haus joen.
© JIM WATSON / AFP

De Joseph “Joe” Biden ass den 20. November 1942 zu Scranton am Pennsylvania op d’Welt komm. Hien ass zënter knapp 50 Joer politesch aktiv. Vu 1973 bis 2009 souz hie fir déi Demokratesch Partei am Senat. Vun 2009 bis 2017 war de Joe Biden Vize-President ënnert dem Barack Obama. Den 18. August 2020 ass de Joe Biden offiziell als demokratesche Kandidat fir d’Presidentschaftswalen nominéiert ginn.

Famill,Studium a Beruff

De Joe Biden huet 2 Bridder an eng Schwëster. Seng Famill ass irescher Ofstamung an ass réimesch-kathoulesch. Am Alter vun 10 Joer ass seng Famill aus dem Pennsylvania an den Delaware geplënnert. Säi Papp war Autoshändler.

De Joe Biden huet Droit studéiert an 1968 säi Studium mat engem Diplom (law degree) op der Syracuse University am Staat New York ofgeschloss. 1969 huet hien eng Karriär als Affekot zu Wilmington am Delaware ugefaangen a vun 1991 un Droit constitutionnel op der Widener University enseignéiert.

Den demokratesche Politiker war 2 mol bestuet. Seng 1. Fra ass am Dezember 1972 bei engem trageschen Autosaccident zesumme mat engem vu sengen deemools dräi Kanner ëm d’Liewe komm. Mat senger 2. Fra huet de Joe Biden nach eng Duechter.

2015 huet hien e weidere Schicksalsschlag mam Doud vun engem Fils missen hinhuelen. De Beau ass am Alter vu 46 Joer un engem Gehiertumor verscheet.

Politesch Karriär

Den 1. Héichpunkt a senger politescher Karriär war dem Joe Biden seng Wiel 1972 an de Senat am Alter vun nëmmen 29 Joer.

Hien konnt sech mat der Ënnerstëtzung vu schwaarze Wieler géint en favoriséierte Kandidat vun de Republikaner duerchsetzen. Sechsmol gëtt de Joe Biden an de Senat zeréckgewielt.

© Jerome DELAY / AFP

1987 decidéiert hien,fir eng 1. Kéier an d’Course ëm d’Presidentschaft ze goen. Mä no 6 Wochen zitt hien sech schonns zeréck. Him ginn an 2 Fäll Plagiater virgeheit. Hien hätt sech aus enger Ried vum Robert Kennedy zerwéiert,ouni déi benotzte Passagen ze zitéieren.

An dem Joe Biden gëtt virgeworf,hien hätt eng Ried vum brittesche Labourpolitiker Neil Kinnock kopéiert. Dem Britt seng Ried hat autobiographesch Zich,déi all gestëmmt hunn. Déi Auszich, déi de Biden iwwerholl huet, waren a sengem Fall allerdéngs net korrekt. Schlëmmer nach: am Kader vun der Walcampagn litt hien nach iwwert säi Resultat op der Uni.

Am Januar 2007 huet de Joe Biden en 2.Versuch gestart,fir President vun Amerika ze ginn.Mä no der 1. Ofstëmmung an de Virwale vun den Demokraten huet hien opginn.

Am August 2008 huet de Barack Obama hien als Vize-President nominéiert.

Nodeems de Barack Obama 2012 a sengem Amt confirméiert gouf,huet hien de Joe Biden nees als Vize-President un senger Säit designéiert.

Am Abrëll 2019 huet de Joe Biden seng 3.Kandidatur fir d’Presidentschaftswalen annoncéiert.

Wann de Joe Biden den 3. November zum 46. President vun Amerika gewielt géif ginn,da wär hie mat 78 deen eelsten iwwerhaapt an der Geschicht vun de Vereenegte Staaten vun Amerika.

Programm

Op senger offizieller Internetsäit gëtt sech de Joe Biden ënnert anerem als Leader a Covid19-Zäiten. Hie versprécht den amerikanesche Famillen Aarbecht a Wuelstand an eng bezuelbar Krankeversécherung. Hien well,dass behënnert Leit gläichwäerteg behandelt ginn.D’Amerikaner sollen eng schoulesch Formatioun ugebuede kréien,déi iwwert de Lycée erausgeet.

D’Partnerschaft mat Europa ass dem Joe Biden wichteg.
Hien steet China ganz kritesch géintiwwer.

Hien well mat massiven Ausgabe fir d’Infrastruktur de Staat als Jobmaschinn lancéieren.De Joe Biden well op gréng Energie an den nächste 15 Joer setzen.Hien well d’Police reforméieren, d’Aschreiffraisen op de staatlechen Unien ofschafen,de Gesondheetssystem ausbauen an d’Steiere fir Räicher an d’Luet setzen.

Hei den offizielle Sitt vum Kandidat Biden!

Schwächten a Stäerkten, Héichten an Déiften

De Joe Biden gëtt vun engem vu sengem Biografen* beschriwwen, dass hien de feste Wellen hat, net ewéi säi Papp Autoen ze verkafen,mä Erfolleg ze hunn.

© JIM WATSON / AFP

Dass hien als Kand an der Primärschoul getuddelt huet, huet hie mat haardem u sech Schaffen iwwerwonnen. Als Teenager interesséiert hien sech schonns fir d’Politik. Den John F.Kennedy faszinéiert hien. Den JFK ass den éischte Katholik, deen am protestanteschen Amerika President gëtt. De Joe Biden ass och kathoulesch erzunn.

Hien studéiert Droit. Seng Notte ginn net duer fir eng Elite-Uni. Hie lant zu Syracuse am Norde vum Staat New York.

Non Enn vum Studium léisst hien sech zu Wilmington am Delaware neier,keeft en Haus an en Hond (deen hie Senator nennt), bestuet sech a gëtt dräimol Papp.

Den trageschen Doud vu senger 1. Fra an engem vu senge Kanner ass en 1.Schicksalsschlag. Mä de Joe Biden léisst sech net ënnerkréien. Als jonke Senator mécht hie säi Wee zu Washington. Hien bestuet sech eng 2. Kéier a gëtt nach eng Kéier Papp.

Säin 1. Versuch als Presidentschaftskandidat ass en Echec. De Joe Biden konzentréiert sech nees op säin Amt als Senateur. Hien gëllt als gudde Vermëttler tëscht de Parteien.

Säin 2. Versuch,President ze ginn, fält 2007 an eng Zäit,wou Amerika no 8 Joer Bush a 7 Joer Krich nees no Ausgläich a Wandel strieft. Mä de Barack Obama mécht de Match an hellt sech de Biden als Vize-President u seng Säit.

Déi 2 ginn als ganz ënnerschiddlech beschriwwen. Den Obama als introvertéiert, deen op Pünktlechkeet a kloer Ziler sëtzt.
De Joe Biden als een, deem et un Disziplin feelt an dacks ze spéit op Meetinge kéim.

Sie schaffen 8 Joer zesummen. Bis 2015 e weidere Schicksalsschlag de Joe Biden nees traumatiséiert.
Säi Fils Beau, 46, Jurist bei der Arméi an dono Procureur général stierft un de Suitte vun engem Gehiertumor. De Joe Biden zitt sech als Vize-President zeréck.

An da wënnt den Donald Trump 2016 d’Walen. De Joe Biden well et nach eng Kéier wëssen. An seng Chancë ginn déi Kéier als gutt bezeechent.

Hien ass net riets an net lénks. Hien war net op enger Elite-Uni a gehéiert awer zum Establishment. Eng vu senge gréisste Schwächte sinn seng Aussetzer bei Rieden.

E puer Beispiller:

Zejoert sot hie bei enger Ried bei de Virwalen: “Aarm Kanner si grad esou schlau ewéi wäiss Kanner.”

2007 hat hien iwwert de Barack Obama gesot: “Hien ass den 1. Mainstream-Afroamerikaner. Hie kann sech artikuléieren an ass clever”

De Barack Obama soll him viru Kuerzem geroden hunn, net ze improviséieren, mä seng Riede vum Teleprompter ofzeliesen, fir esou Vertrëppler z’evitéieren.

Mam Kamala Harris als Vize-Presidentin wëll de Joe Biden den Donald Trump aus dem Wäissen Haus joen. Als éiwege Mann vun der Mëtt läit hien den Ament an de Sondagë vir.

*Jules Witcover,Biden-Biograf am Zeit-Interview, 30.Juli 2020

Trump oder Biden: Wéi a wéini wielt Amerika?

Back to Top
CIM LOGO