Tim Walz Kandidat fir US-Vize-PresidentWien ass déi nei riets Hand vum Kamala Harris?

RTL Lëtzebuerg
D'Kamala Harris huet hire "Running Mate" fonnt. Den Tim Walz gëtt Kandidat fir de Vize-President vun der Demokratin.
© AFP

Réischt virun e puer Stonne gouf déi aktuell Vizepresidentin vun den USA Kamala Harris mat 99 Prozent vun de Stëmmen als Presidentschaftskandidatin vun den Demokrate gewielt. Elo huet si schonn e Vizekandidat fonnt.

D’Demokratin huet an hirem Message un hir Supporter matgedeelt, datt si frou wier, “matdeelen ze kënnen”, datt hire Choix op den Tim Walz gefall wier. “Den Tim ass e kampferproufte Leader mat engem immensen Erfollegsbilan, wann et dorëm geet, eppes fir d’Familljen a Minnesota z’erreechen. Ech weess, datt hien déi selwecht prinzipien-trei Féierung an eise Walkampf an an d’Amt vum Vize-President abrénge wäert.”

Den neie Mann un hirer Säit ass de 60 Joer alen Tim Walz, deen zënter 2019 de Gouverneur vum US-Bundesstaat Minnesota ass. Viru senger politescher Karriär war den Amerikaner Enseignant fir Geografie an Trainer fir American Football. Duerno souz hie laang als Deputéierten am Representantenhaus.

Den Tim Walz ass Papp vun zwee Kanner an huet kee besonnesch staarkt nationaalt Profil, wéi et vun der AFP heescht. Hie soll awer bekannt si fir seng buedemstänneg an direkt Aart, politesch Noriichten ze iwwerbréngen. Den Demokrat ass déi lescht Wochen ëmmer rëm opgefall, well hien de Geck mam Donald Trump gemaach huet. Hie bezeechent den Trump als “komeschen Typ”.

“Mir hu keng Angscht viru komeschen Typpen.[...] Gleeft menger Erfarung als Enseignant, dass esou Raudie keng Muecht hunn”, sou den Tim Walz bei engem Walevenement.

Am Bundesstaat Minnesota, wou hie Gouverneur ass, ass d’Meenung iwwert den Tim Walz gespléckt. D’Republikaner geheien him vir, ze lasch ze sinn, wat den Ëmgang mat der Kriminalitéit ugeet. D’Demokrate luewen de 60 Joer alen Amerikaner awer fir säin Asaz, fir d’Recht op Ofdreiwung ze erhalen an ëmzesetzen.

Fir den Tim Walz geet elo op alle Fall alles zimmlech séier. Schonn um Dënschdeg den Owend huet de Walz en éischten Optrëtt mam Kamala Harris zu Philadelphia am Bundesstaat Pennsylvania. D’Kamala Harris huet fir dës Woch eng Walkampftour mat hirer neier rietser Hand an de verschiddene Bundesstaate geplangt, déi bei der Wal am meeschten ëmstridde sinn.

© AFP

RTL-News (5.8.24): US-Walkampf: D’Kamala Harris sicht hire “Running Mate”
RTL-News (23.7.24): Nom Réckzuch vum Joe Biden: Déi nei Hoffnung vun den Demokraten: Wien ass d’Kamala Harris?

Back to Top
CIM LOGO