
De Gouverneur vun der Province du Luxembourg huet e Méindeg den Owend offizialiséiert, dass Deplacementer, déi als net essentiell gëllen, tëschent nuets 1 a moies 6 Auer verbuede ginn. An där Zäit, däerf een dann nëmmen nach aus medezinesche a beruffleche Grënn eraus, oder fir engem Familljemember ze hëllefen.
Dat selwecht gëllt och schonns an der Regioun Brabant-Wallon.
Esou wëll ee verhënneren, dass et zu ze vill private Festivitéiten nuets kënnt, déi d’Quell vu ganz villen Nei-Infektiounen wieren.
Déi aner 3 wallounesch Regiounen, wëllen um Dënschdeg a Mëttwoch decidéieren, op se sech deem Nuets-Lockdown uschléissen.
