IranZënter 5 Deeg gëtt et e Réckgang vun den Infektiounen

RTL Lëtzebuerg
An de leschte 24 Stonne sinn 2483 Persoune positiv op de Covid-19 getest ginn.

Am Iran gëtt et offiziellen Informatiounen no zanter fënnef Deeg e Réckgang vun de neie Coronavirus-Infektioune pro Dag. An de leschte 24 Stonne sinn 2.483 Persoune positiv op de Covid-19 getest ginn. Dat huet de Gesondheetsministère haut zu Teheran matgedeelt.

De President Hassan Ruhani huet doropshin eng méi labber Handhab vun den aktuellen Aschränkunge fir d’Geschäfter versprach. Et soll Schrëtt fir Schrëtt nees zeréck an d’Normalitéit goen, sou de Ruhani. Entreprisen, mat engem - Zitat - niddrege Risiko, sollen an den iranesche Provënzen den 11 Abrëll nees dierfen opmaachen, an der Haaptstad eréischt den 18. Abrëll.

Wat genee, mat Entreprisë mat engem niddrege Risiko gemengt ass, gouf Noriichtenagencen no, net erkläert. Ma Aktivitéite mat engem héije Risiko, wéi Sportshale missten awer zou bleiwen, sou de Staatschef Rohani.

Offiziellen Informatiounen no, sinn aktuell 58.226 Persoune positiv op de Covid-19 getest ginn. D’Zuel vun den Doudesaffer läit bei 2483. D’Donkelziffer, virun allem vun den Infektiounen, gëtt awer däitlech méi héich geschat.

Back to Top
CIM LOGO