
Déi zoustänneg Ministere géifen den Optrag kréien, eng Strategie auszeschaffen.
Dës soll ekonomesche Wuesstem, awer och besser Gesondheetssystemer a verlässlech Approvisionnementskette virgesinn. Sou heescht et an enger gemeinsamer Deklaratioun.
Um Bord vun der Konferenz gouf et och den Appell, datt een d’Weltgesondheetsorganisatioun misst reforméieren.
D’WHO war jo scho schaarf vun den USA kritiséiert ginn an d’amerikanesch Cotisatioune sinn op Äis geluecht, wat awer och fir Kritik gesuergt huet.
An de G7 sëtzen nieft den USA, och Kanada, Japan, Groussbritannien, Däitschland, Italien a Frankräich