Äiseg Temperaturen an däitsche WunnengenZu Berlin hunn nach ëmmer eng 28.000 Stéit kee Stroum

RTL Lëtzebuerg
AFP
Stéit ouni Heizung a Luuchten, zoue Schoulen a Leit a Sportshalen noutlogéiert. Dat ass aktuell nach ëmmer d'Situatioun fir vill Leit an der däitscher Haaptstad.
© RALF HIRSCHBERGER/AFP

Fir déi véiert Nuecht hannerteneen haten an der Nuecht op en Dënschdeg zu Berlin weider eng gutt 28.000 Stéit kee Stroum. No engem Attentat op Haaptleitungen e Freideg lafen d’Aarbechten, fir de Reseau nees un d’Lafen ze kréien, weider. Et soll awer wuel nach bis en Donneschdeg daueren, bis et nees leeft.

Eng 20 Schoule bleiwe weider zou. Vill Leit musse bei äisegen Temperaturen an hiren däischtere Wunnenge bleiwen, anerer koumen a Sportshalen, Hoteller oder aneren ëffentleche Gebaier ënner Daach. Dass et soulaang dauert, bis de Stroum nees fléisst, suergt fir ëmmer méi Kritik. Vill Leit kënnen net novollzéien, dass an enger Milliounestad wéi Berlin essenziell Infrastruktur esou sensibel an iwwerhaapt net resilient ass.

Et ass dowéinst, datt vill Leit rosen an enttäuscht iwwert d’Autoritéite sinn. Esou ënner anerem d’Jutta Herter, déi an der Gemeng vun Zehlendorf noutlogéiert ginn ass. Déi 77 Joer al Fra an hire Mann ware frou driwwer, datt si doheem nach e Kamäin haten an op d’mannst mat Feier d’Wunneng eenegermoosse waarm an hell konnten halen. Well méi héich wéi 13 Grad ass den Thermostat net geklommen, zielt si der AFP. Dowéinst hu si decidéiert, fir an d’Noutlogement ze goen, an deem een e puer Dose Better opgeriicht huet. Nieft hinne liewen do aktuell och aner Awunner, déi Schutz virun der Keelt an eppes Waarmes ze drénke gesicht hunn, oder einfach just hiren Handy oder PC wëllen oplueden.

Wie stécht hannert der “Vulkangruppe”?

Déi lénksradikal Grupp huet sech jo zu den Attentater bekannt an aktuell gëtt gepréift, ob d’Schreiwes echt ka sinn. Den CDU-Deputéierten am Bundestag Roderich Kieswetter geet do méi wäit. Dës Attack op eng kritesch Infrastruktur an der däitscher Haaptstad koum zu engem Moment, an deem sech Däitschland weider zu der Ukrain bekennt an d’Virwërf géint Russland vun enger hybrider Krichsféierung weider verschäerft huet. Géintiwwer der Welt sot den CDU-Mann, datt een net géif ausschléissen, datt Russland hannert der Attack stécht. Well wann ee sech d’Bekennerschreiwes ukuckt, fält engem op, datt dëst däitlech besser kléngt, wann een et op Russesch iwwersetzt. “Anescht gesot: entweder déi Extrem-Lénks an beherrschen d’Däitscht net richteg oder hinne gouf diktéiert, wat si soe sollen”. Well den däitschen Text wier ganz “banal” formuléiert. Dowéinst schléisst een aktuell och keng Pist aus.


Back to Top
CIM LOGO