
Éier awer e russesche Vertrieder dozou stéisst, verhandelen d’USA, d’EU an d’Ukrain awer als éischt emol ënnert sech. Wéi et vu Moskau awer heescht, wäert de Kirill Dmitrijew, ee vun der Beroder vum President Putin, am Laf vum Samschdeg dozoustoussen. Méi Medien hunn och gemellt, datt säi Fliger kuerz virun 20 Auer eiser Zäit an den USA gelant wier.
Et wier d’US-Regierung gewiescht, déi direkt Gespréicher tëscht béide Krichsparteie virgeschloen hätt, heescht et vum ukrainesche President Selenskyj. Senges Wëssens no hätten d’USA en neit Format vu Gespréicher, bei deenen d’Ukrain, d’USA a Russland um Dësch sëtzen, virgeschloen. Dem Selenskyj no sollen awer och Vertrieder vun den europäesche Staaten elo zu Miami mat dobäi sinn.
Bei de Gespréicher e Freideg waren mam Rustam Umerov an dem Andrij Hnatow zwee héichrangeg Vertrieder aus der Ukrain mat dobäi, donieft de Steven Witkoff, Spezialemissär vun den USA, esou wéi dem Trump säi Eedem Jared Kushner mat um Dësch, nieft de Vertrieder aus Frankräich, Däitschland a Groussbritannien.
Datt Russland an d’Ukrain elo direkt matenee schwätzen an och nieft den USA europäesch Vertrieder mat dobäi sinn, gëtt als Fortschrëtt vun de Gespréicher gedeit, nodeem an de leschte sechs Méint d’USA quasi ëmmer just eleng mat der enger oder anerer Krichspartei geschwat hunn. Den US-Ausseminister Rubio huet dann och de Reprochen, datt d’USA d’Ukrain zu engem Fridden zwénge wéilten, widdersprach. “Mir kënnen d’Ukrain net zu engem Ofkommes zwéngen. Mir kënne Russland net zu engem Ofkommes zwéngen. Si mussen dat Ofkommes selwer wëllen”, esou de Rubio viru Journalisten.
E Freideg hat de russesch President Wladimir Putin a senger Pressekonferenz fir d’Enn vum Joer betount, datt de Ball fir d’Friddensbeméiungen elo bei der Ukrain an hire westlechen Alliéierte géif leien. Am selwechten Ament huet de Putin awer och annoncéiert, datt déi russesch Truppen an der Ukrain weider Succèsen un der Front hunn an datt d’Kämpf wäerte weidergoen. Russland géif och keen anert Land ugräifen, esoulaang ee mat “Respekt” géif behandelt ginn.