Manner Patienten op IntensivstatiounenZuel vu Corona-Doudegen an Italien mëttlerweil op iwwer 15.000

RTL Lëtzebuerg
De Katastropheschutzministère huet gemellt, dass et bannent 24 Stonne 681 weider Doudeger gouf.

D’Zuel vun de confirméierten Neiinfektioune klëmmt ëm iwwer 4.800 op Ronn 124.000 Leit.

Et kënnt awer och endlech eng virsiichteg gutt Nouvelle aus dem mediterrane Land: fir d’éischte Kéier zanter engem Mount ginn et manner Patienten op der Intensivstatioun. 3.994 Leit ginn aktuell do versuergt, 74 manner wéi nach e Freideg. Besonnesch an der schlëmm concernéierter Regioun vun der Lombardei konnte 50 Patienten aus der Intensivstatioun transferéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO