Warnung vun der WHOZuel vun de Corona-Infektioune klëmmt nees

RTL Lëtzebuerg
D'Weltgesondheetsorganisatioun warnt viru Corona-Infektiounen, déi op der nërdlecher Hallefkugel nees an d'Luucht ginn.
© AFP

D’Zuel vun Doudegen an d’Hospitalisatiounen a Relatioun mat Covid-19 géifen a méi Regiounen nees klammen. Virum Wanter wär dat en Trend, dee Suerge mécht, esou de WHO-Chef zu Genf. Aktuell wär dat virun allem an Deeler vum Mëttleren Osten an an Asien de Fall. Mä och an Amerika an an Europa kéint een deen Trend observéieren.

D’Weltgesondheetsorganisatioun réit eelere Persounen a Risikogruppen, hir Covid-Impfung opzefrëschen.
An Däitschland wäert vum 18. September un en neie Vaccin vun Biontech zougelooss sinn, deen un déi aktuell Omikron-Varianten ugepasst ass.

Back to Top
CIM LOGO