DäitschlandZuele vun Neiinfektioune mam Coronavirus si reegelrecht an d'Luucht gesprongen

RTL Lëtzebuerg
Méi wéi 4.000 Fäll wiere bannent engem Dag diagnostizéiert ginn. Dat sinn der iwwer 1.200 méi wéi um Mëttwochmoien.

Do war et schonn den héchste Wäert zanter Mëtt Abrëll.

Dat huet de Robert-Koch-Institut RKI um Donneschdeg de Moie bekannt ginn. Den Taux vu positiven Tester ass staark geklommen a loung an der 40. Kalennerwoch bei 1,64 Prozent. Déi Woch virdru waren et 1,22 Prozent... do virdrun 1,16.

Back to Top
CIM LOGO