Beim Accident e Méindeg am nigerianesche Makun ware jo zwou Persoune gestuerwen, nodeems en Auto an e Camion gerannt war. Den Anthony Joshua selwer souz op der Réckbänk an huet liicht blesséiert iwwerlieft. Wéi d’BBC elo mellt, soll et sech bei den zwee Doudegen ëm enk Kolleegen an Trainere vum Boxer handelen, nämlech ëm säi Kraaft- a Konditiounstrainer Sina Ghami a säi Fitnesscoach Latif Ayodele. Dem Joshua säi Promoteur Matchroom Boxing huet dëst och an engem Communiqué confirméiert:
“Den Anthony Joshua war haut an ee Verkéiersaccident zu Lagos an Nigeria involvéiert. Mat grousser Trauregkeet ass confirméiert ginn, datt seng zwee enk Kolleegen an Team-Membere Sina Ghami a Latif Ayodele dobäi tragesch ëm d’Liewe komm sinn.”
De Sina Ghami war wärend dem Joshua sengem Kampf géint den Jake Paul virun zwou Wochen zu Miami och Deel vu sengem Staff op der Plaz a stoung no senger Victoire och nieft him am Ring.
Artikel vum 29. Dezember 2025