
E Méinden hu portugisesch Pompjeeën et fäerdeg bruet, zwee Bëschbränn ënner Kontroll ze bréngen, déi schonn zanter e puer Deeg amgaange waren, sech an der Mëtt vum Land auszebreeden.
600 Pompjeeën hu sech zanter en Donneschden domadder befaasst, d’Feier zu Ourém ze stoppen an dëse Méinden ass et hinne gelongen. Et sinn ongeféier 3.000 Hektar Bësch verbrannt.
D’Flamen hunn zwou Wunnengen an e puer landwirtschaftlech Strukturen zerstéiert. Aacht Leit si liicht blesséiert ginn, dorënner siwe Pompjeeën an ee Polizist.
D’Feier, dat sech e Freideg bei Pombal ausgebreet huet, ass och e Méinden ënner Kontroll bruecht ginn. Et si méi wéi 300 Pompjeeën op der Plaz bliwwen, fir ze kucken, ob et net erëm géif ufänken, mat brennen.
Et herrscht eng grouss Gefor fir weider Bëschbränn, well de Portugal zanter en Donneschdeg mat extreemen Temperature vu bis zu 44 Grad Celsius geplot ass.
Déi portugisesch Regierung huet tëscht dem Méinden an dem Freiden den Noutfall deklaréiert, fir de Mobiliséierungsniveau vu Pompjeeën a méiglech Restriktiounen z’erhéijen.
Lissabon huet d’Europäesch Union gefrot, fir de Mechanismus vum Zivilschutz z’aktivéieren. E Sonnden huet d’EU zwee Waasserbomber, déi a Spuenien stationéiert waren, geschéckt.
