
Déi brittesch Anti-Terror-Police huet op enger Loftwaffebasis vum Südoste vun England zwee Männer aus Lettland festgeholl, nodeem dës Deeler vum Drot, deen ëm d'Basis gezunn ass, beschiedegt hunn. D'Männer am Alter vun 32 a 36 Joer wieren an engem ofgespaarte Beräich vun der Basis Molesworth festgeholl ginn, esou heescht et vun den Autoritéiten. Um Terrain ass och en Zenter fir d'Geheimdéngschter vun der NATO.
D'Männer hate wuel als Zil, "dem Vereenegte Kinnekräich ze schueden", esou d'Anti-Terror-Police. E Mëttwoch den Owend hate Membere vun de Sécherheetsautoritéiten e Gefier entdeckt, wat ofgestallt gi war. Och konnt een um Drot "eng kleng Ëffnung" feststellen. Béid Männer konnte géint 3 Auer eiser Zäit en Donneschdeg de Moie festgeholl ginn.
Bis ewell gesäit een awer keen Zesummenhang mam Tëschefall bei Fairford, enger Basis vun der Royal Air Force, déi och vun den USA genotzt gouf. D'USA haten deemools jo hir B-1-Bommer, déi do stationéiert waren, als Reaktioun ofgezunn. Den US-President huet den Iran fir deen Tëschefall verantwortlech gemaach. Brittesch Medien spekuléieren, op d'Männer net wollte Pëtrolsproduite klauen.