Hunn d'Gitteren duerchgeseetZwee Prisonéier zu Dijon fortgelaf

RTL Lëtzebuerg
Zu engem klasseschen Ausbroch koum et elo zu Dijon. Zwee Prisonéier hunn d'Gittere vun de Fënstere vun hirer Zell duerchgeseet a si geflücht.
© AFP

Den Ausbroch ass en Donneschdeg de Moien entdeckt ginn, heescht et aus Policekreesser. Nëmmen een Dag virdru war schonn e Prisonéier bei Rennes entkomm, wéi dëse mat engem aneren Inhaftéierten op engem Ausfluch an e Planetarium war.

Sëllege Verbänn vu Prisongsdirektere reprochéieren dem Justizminister Gerald Darmanin, sech an éischter Linn ëm déi vu him initiéiert Héichsécherheetstrakte fir Drogebossen ze këmmeren, géif déi d’Prisongen awer vernoléissegen. “Wärend de Minister iwwerdriwwe gutt equipéiert Ariichtunge presentéiert, ginn déi aner Ariichtungen d’Baach erof”, heescht et an engem Schreiwes, dee schonn e Mëttwoch, also scho virum Ausbroch, publizéiert gouf.

Do virdrun hat den Darmanin gréisser Perquisitiounen a franséische Prisongen duerchféiere gelooss. Dobäi goufe sengen Aussoen no 70 Handyen, USB-Sticken an Droge séchergestallt. Nom Mord um Brudder vun engem Anti-Drogen-Aktivist zu Marseille hat de Minister erkläert, dass munch Drogebossen aus dem Prisong eraus Strofdote per Uruff an Optrag ginn. Dowéinst sollt e komplett Verbuet vun Handyen duerchgesat ginn.

A Frankräich sinn d’Prisongen zanter Joren iwwerbeluecht. Enger Etüd vu Juli vum Europarot no läit Frankräich op Plaz 3 hanner Slowenien an Zypern. Am Oktober ware knapp 63.000 Plazen an de Prisongen zu 136 Prozent beluecht. Dat bedeit, dass a villen Eenzelzellen Etagebetter stinn an och Matrassen op de Buedem geluecht ginn.

De bekanntste rezente Prisonéier, den Ex-President Nicolas Sarkozy, hat wärend sengen dräi Wochen am Prisong La Santé wéinst sengem besonnesche Status eng Eenzelzell.

Back to Top
CIM LOGO