KolumbienZweete landeswäite Protestdag géint de rietsgeriichte President

RTL mat AFP
D'Regierung wëll ënner anerem d'Steiere vun de Privatpersounen erhéijen a gläichzäiteg d'Betriber steierlech entlaaschten.
An der Stad Cali haten d'Gewerkschaften zu Protester géint de President a verschidde geplangte Reformen opgeruff.
An der Stad Cali haten d'Gewerkschaften zu Protester géint de President a verschidde geplangte Reformen opgeruff.
© JOAQUIN SARMIENTO/AFP

A Kolumbien sinn dausende vu Leit fir nei Protester géint de rietsgeriichte President Abelardo de la Esprielle op d'Strooss gaangen. An der Haaptstad Bogota an a weidere Stied si si en Donneschdeg dem Opruff vun den Oppositiounsparteien an de Gewerkschaften nokomm a fir géint déi héich Präisser am Land protestéiere gaangen.

"E groussen Deel vun de kolumbianescher Populatioun fillt sech ongeschützt", sot déi 21 Joer al Psychologiestudentin Leidy Gutierrez zu Bogota. "Déi Räich hunn ëmmer méi Geld. Si klauen d'Sue vun eis Kolumbianer, vun de Leit ganz ënnen".

Konkret riicht sech de Protest géint e Reformprojet, deen d'Regierung virundreiwe wëll, mat deem een déi eidel Keese vum Staat duerch méi Recetten opbessere wëll. D'Pläng hunn eng Hausse vun der TVA op Liewensmëttel a Produiten, déi een am Alldag brauch, virgesinn, goufen awer no der breeder Kritik vum President zeréckgezunn. D'Regierung wëll awer och de Fräibetrag, op deem d'Leit keng Steiere musse bezuelen, erofsetzen an dofir awer d'Käschte fir d'Gesondheetsversuergung eropschrauwen. Gläichzäiteg soll d'Steierlaascht vun de Betriber awer erofgesat ginn. Ënner anerem dowéinst ginn d'Leit nach weider op d'Strooss.

Beim éischte landeswäite Protestdag, dee géint d'Regierung geriicht war, waren Mëtt Oktober dausende vu Leit op d'Strooss gaangen. De rietsgeriichte President, en Alliéierte vum US-President Donald Trump, ass zanter Ufank August am Amt. Deemools hat hie versprach, datt een e Kampf ouni Kompromësser géint d'Guerillagruppen an d'Drogebanden am Land géif féieren.

Säi Virgänger Petro hat ouni Succès mat de Milize verhandelt, den de la Espriella huet dowéinst d'Gespréicher direkt ofgebrach. D'Oppositioun wërft him elo vir, eng Gefor fir de scho bréchege Friddensprozess ze sinn a Minoritéiten hir Rechter wëllen ewechzehuelen. Och géif den Abelardo de la Esprielle der Oppositioun no autoritär Tendenze weisen.

Back to Top
CIM LOGO