
Tendenze vum November 2025 bleiwen onverännert. D’Zuele vun der BCL weisen, datt potentiell Keefer nach ëmmer mat engem groussen Ecart tëscht dem fixen an dem variabelen Taux bei den Immobiliekreditter rechne mussen. Enn November hu sech déi nei Immobiliebesëtzer éischter fir den Taux variable entscheet, well dëse fir si méi avantagéis ass, wéi den Taux fixe, deen zanter Mee 2025 bal stabel bliwwen ass.
De variabelen Taux fir Immobilieprojete louch am November am Schnëtt bei 3,07 Prozent. Rechent een dat op e Kredit iwwer 700.000 Euro bei enger Lafzäit vu 25 Joer aus, kënnt ee bei enger Mensualitéit vu ronn 3.345 Euro eraus. Dëse kann awer ëmmer nees variéieren, esou datt d’Zomm, déi ee pro Mount bezilt, och ëmmer nees erop- oder erofgoe kann.
Den Taux fixe dogéint ass däitlech méi previsibel. Hei weess een haut schonn, wat een déi nächst Joren zeréckbezilt. Dësen ass am November am Schnëtt op 10 Joer ausgehandelt ginn a louch an der Moyenne bei 3,75 Prozent, domadder och liicht iwwert dem Oktober, wou e bei 3,71 Prozent war. Fir de selwechte Kredit, wéi virdrun erwäänt, och iwwer 25 Joer, géif een hei 3.599 Euro de Mount bezuelen, also iwwer 254 Euro de Mount méi.
Bei anere Kreditter, déi also näischt mam Kaf vun Immobilien ze dinn hunn, huet d’Zentralbank festgestallt, datt dës am Schnëtt en Zënstaux vu 4,58 Prozent hunn an iwwer ronn fënnef Joer ofgeschloss gi sinn.