
Villes deit drop hin, datt Chrëschtdag hei zu Lëtzebuerg schéi kal ka ginn. Wéi Meteolux mellt, wäert de bis ewell dach temperaturtechnesch mellen Dezember fir déi festlech Deeg eriwwer sinn.
Fänke mer awer mat der Previsioun vum Weekend un. De Samschdeg a Sonndeg kann ee weiderhin am Dag Temperaturen tëscht 7 an 10 Grad erwaarden, dat mat ville Wolleken a engem liichten Gefisems. An den Nuechten de komme mer dem Gefréierpunkt awer scho méi no.
Vun e Méindeg u gëtt et dann awer liicht méi kal. D’Temperature falen a wäerte sech bei 5 Grad erëmfannen, weiderhi mat Wolleken. En Dënschdeg da kënnt eng méi kal Loft an d’Land a léist d’Temperatur am Dag weider falen.
E Mëttwoch da kommen déi méi grouss Ännerungen. Am Dag nach dräi Grad mat kalem Wand. An der Nuecht op Chrëschtdag da wäert den Himmel quasi ouni Wolleken ze gesi sinn, wat dozou féiert, datt d’Temperature weider falen.
Fir Chrëschtdag selwer da komme mer ënnert de Gefréierpunkt: -4 Grad ass bis ewell fir den éischte Feierdag vun dëser Woch virgesinn. Um Moie kann een also mat Frascht rechnen. Am Laf vum Dag “klammen” d’Temperaturen da wuel bis op -2 Grad erop.
Enn der Woch ass mat änleche Konditiounen ze rechnen, wat zu Frascht op de Stroossen ka féieren. Et gëllt also op den zwee Feierdeeg an um Weekend opzepassen, wann een ënnerwee ass.