Cour de justice vun der EU huet decidéiertNet-biologesch Kanner vu Frontalieren aus Patchwork-Famillje hunn e Recht op Lëtzebuerger Kannergeld

Maurice Fick
Romain Van Dyck
Iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
Zéng Joer laang war d'Affär viru Geriicht, bis d'Cour de justice vun der EU decidéiert huet, datt och Frontalieren, déi an enger Patchwork-Famill liewen an zu Lëtzebuerg schaffen, e Recht op d'Allocatiounen aus dem Grand-Duché hunn.
© envato

D’Cour de justice européenne huet an engem laang erwaarden Urteel festgehalen, datt net‑biologesch Kanner vu Grenzgänger, déi an engem gemeinsame Stot mat deem Grenzgänger liewen, e Recht op Kannergeld aus Lëtzebuerg hunn. Domat gëtt eng Diskriminatioun tëscht Familljen, déi zu Lëtzebuerg respektiv op der anerer Säit vun der Grenz liewen, a Fro gestallt. Dës Diskriminatioun war 2016 entstanen. Zu deem Zäitpunkt hat d’Chamber eng Gesetzesännerung gestëmmt, déi virgesinn huet, datt nëmme biologesch Kanner vu Grenzgänger en Usproch op d’Allocatiounen hunn, déi vu Lëtzebuerg aus bezuelt ginn. Patchwork‑Familljen, déi baussent de Landesgrenze wunnen, goufen doduerch systematesch ausgeschloss, och wann d’Kanner am Alldag mam Grenzgänger zesummeliewen an hie fir si mat opkënnt.

D’Geriicht mécht elo däitlech, datt dës Restriktioun net am Aklang mat de Prinzippie vun der EU steet, besonnesch net mat der fräier Zirkulatioun vun den Aarbechter. D’Geriicht hält fest, datt eng gemeinsam Wunnsituatioun schonn duergeet, fir unzehuelen, datt de Grenzgänger zum Ënnerhalt vum Kand bäidréit. Et brauch also keng detailléiert finanziell Oplëschtung oder eng exakt Quantifizéierung vun deem, wat de Grenzgänger bezilt. D’Geriicht erkläert, datt d’Gemeinschaft vum Liewen – wéi d’Deele vun de Käschte fir Wunnen, Iessen, Energie oder aner alldeeglech Ausgaben– natierlech bedeit, datt eng Form vun Ënnerhalt besteet. Esou eng Vermuddung gëllt och an deene Fäll, wou d’Kand net permanent am Stot ass, zum Beispill bei Patchwork‑Familljen, wou d’Kand tëscht zwee Stéit pendelt, oder bei Jugendlechen, déi am Ausland studéieren, awer hiren Haaptwunnsëtz nach ëmmer am Stot vun der Famill hunn.

D’Geriicht geet esouguer nach e Schratt weider a seet, datt och wann et kee gemeinsame Stot gëtt, bleift et méiglech, datt d’Kand Kannergeld ka kréien. Dat kann de Fall sinn, wann de Grenzgänger op aner Manéiere fir d’Kand opkënnt, zum Beispill duerch d’Bezuele vun Deeler vum Logement, Transport oder aner Käschten aus dem Alldag. Et geet also ëm eng realistesch a breet Interpretatioun vum Begrëff “fir den Ënnerhalt suergen”, déi sech un der Liewensrealitéit vu Familljen orientéiert an net un enger enker juristescher Definitioun.

Nëmmen an aussergewéinleche Situatioune dierf d’Allocatioun verweigert ginn. Dat wier zum Beispill de Fall, wann de Grenzgänger bewosst falsch Aussoe gemaach huet, wann hie guer net zu de Käschte vum Kand bäidréit oder wann eng Drëttpersoun déi komplette Käschten iwwerhëlt, ouni datt de Grenzgänger iergendwéi matwierkt. All aner zousätzlech Restriktioune géifen dem europäesche Prinzip vun enger breet interpretéierter Fräiheet vun der Aarbechtskraaft widderspriechen.

Am Kär bedeit dëst Urteel, datt Patchwork‑Familljen, déi mat engem Grenzgänger zesummeliewen, nees op déi selwecht Aart a Weis behandelt an net méi vun enger nationaler Reegelung ausgeschloss kënne ginn, déi se géintiwwer Residenten an eng ongënschteg Positioun bruecht huet. Et ass also e wichtege Schratt fir d’Rechter vu Familljen, déi iwwer d’Grenze vun der Groussregioun eraus organiséiert sinn, an et kéint dozou féieren, datt vill Familljen, déi zanter 2016 keen Zougang méi haten, nees Usproch op d’Familljeleeschtunge kréien.

Commentairen
Dem Datum no sortéieren
Fir Commentairen ze schreiwen, musst Dir ageloggt sinn
Back to Top
CIM LOGO