
Am Ranking vun der Rekrutéierungsplattform Moovijob vun den 20 Entreprisen, déi zejoert am Dacksten opgeruff goufen, sinn national an international Schwéiergewiichter souwéi essentiel Institutiounen dobäi. Esou léisst sech de Klassement 2025 vun den am meeschte gefrote Firmen op der Plattform Moovijob am beschten zesummefaassen.
Dem Spezialist fir d’Annoncen zu Lëtzebuerg no sichen Demandeurs d’emploi ëmmer méi heefeg no enger bestëmmter Entreprise, éier si sech op eng Plaz mellen. Op där Grondlag konnt Moovijob e Ranking vun de beléiftsten Employeuren erstellen.
D’Entreprise, déi am meeschten op Moovijob gesicht gëtt, kënnt ass lëtzebuergesch: D’Fluchgesellschaft Luxair, déi schonn an de viregte Joren op éischter Plaz stoung, “flitt weiderhin un der Spëtzt vun dësem Ranking”. D’Entreprise beschäftegt iwwer 1.800 Mataarbechter a “beweist domat, datt se zu de renomméierten Employeuren um Aarbechtsmarché gehéiert”.
Op zweeter Plaz läit Auchan, nodeems d’Firma 2024 op de Podium geklomme war. Dëse läit virum gréisste lëtzebuergeschen Employeur: den CFL. D’Eisebunn mat iwwer 5.000 Mataarbechter läit knapp hannert Auchan.
De Rescht vum Klassement besteet aus grousse Lëtzebuerger Entreprisë wéi der BIL (Plaz 5), der Post (Plaz 6) oder Servior (Plaz 8) souwéi bekannten Institutioune wéi dem Roude Kräiz (Plaz 4) oder der Uni.lu (Plaz 7).
Och international Employeuren, déi am Grand-Duché etabléiert sinn, si gutt placéiert. Dozou gehéiere Sodexo Luxembourg op Plaz 13, BNP Paribas op Plaz 15 an Deloitte op Plaz 20.