
Eis nei EU-Agrarpolitik wëll jo, datt eis Landwirtschaft méi extensiv, manner produktiv an an der Konsequenz dowéinst méi klima- an ëmweltfrëndlech soll ginn.
Et ass bewisen, datt wa mir an Europa eng méi extensiv Agrarproduktioun kréien, datt dann:
- kuerzfristeg d’Bauere méi verdéngen... duerch d’Primmen
- de Klima an den Aarteschutz sech an Europa verbessert
- mëttelfristeg d’Bauere manner verdéngen, well Primmen ofhuele wäerten
- mëttelfristeg mir an Europa net méi genuch Iesswuere produzéieren
- mëttelfristeg weltwäit duerch dës EU-Politik de Klima sech verschlechtert, well mir importéieren mussen. An dat aus Länner, deenen d’Klima, d’Ëmwelt an den Aarteschutz egal sënn. Mir maachen eis total ofhängeg vun dubiéise Länner a Klimaschënner. Dat ass weder nohalteg, nach gescheit.
Eng sécherlech pervers Säit vun dëser Medail.
Abee, et ass noweisbar: wann dir e lëtzebuergesche Beefsteak iesst, dann handelt dir ökologesch an nohalteg. Eis Lëtzebuerger Rëndfleeschproduktioun ass klimafrëndlech, fërdert den Aarteschutz a respektéiert d’Déierewuel. Fleesch iessen aus Südamerika oder vu soss anzwuersch wäit ewech, dat ass 3x de contraire! Oder:
Huewermëllech, si besteet aus 10% Huewer, de Rescht ass Waasser, e bësse Sonneblummenueleg a Salz.
1 Liter Huewergebräu kascht 2,50.-
1 Liter Koumëllech, déi richteg Mëllech, déi gutt, kascht 1 .
Ganz schlëmm ass: D’Industrie gewënnt ëmmer. Dat ass och eng interessant Säit vun der Medail, och vun der veganer Medail!
Gréng in ass in. Dat ass gutt esou. Fachlech falsch handelen, ass net gréng, dat ass Harakiri. Wäitsiichteg Fachlechkeet zum komplexen Thema Landwirtschaft, Ëmwelt, Klima an Déiereschutz muss d’Soe kréien. Fachlechkeet amplaz vun emotionalen an net beweisbare Virurteeler.
Fachlechkeet amplaz vu politeschem, wirtschaftlechem a finanziellem Egoismus.
All Medail huet 2 Säiten. D’Liewen ass weder wäiss nach schwaarz. Dacks ass et gro. An eis Landwirtschaft ass gréng.