Carte blanche vum Michèle SchiltDemokratie feieren

Michèle Schilt
D'nächst Woch ass an de Schoulen an an de Maison Relaisen d'Woch vun der Demokratie ugesot. An all de Secondairë ginn och d'Schülercomitéë gewielt. Wat et soss nach mat där Woch op sech huet, dozou e puer Gedanke vum Michèle Schilt vum Zentrum fir politesch Bildung.
© RTL

Carte blanche vum Michèle Schilt

Zënter fënnef Joer gëtt et an de Lycéeen d'Semaine de la démocratie et de la citoyenneté. Fir datt d'Schülercomitéswalen, déi all zwee Joer stattfannen, net nëmmen en Akt wären, deen ee séier hannert sech bréngt, huet de Bildungsministère decidéiert, datt déi Walen an eng Woch agebett ginn, wou d'Demokratie am Fokus steet. Mëttlerweil maachen d'Grondschoulen an d'Maison Relaisen och mat.

Ëm wat geet et?

Natierlech ass et net sou geduecht, datt an där Woch mol e wéineg iwwer Demokratie geschwat gëtt an dono verschwënnt d'Thema erëm bis dat anert Joer am Tirang. Mee d'Demokratie soll eemol am Joer explizit am Fokus stoen. Dat geschitt op dräi Niveauen:

Éischtens: Kanner, Jonker an Erwuessener solle sech - e bësse méi wéi soss - Gedanke maachen ëm demokratesch Prinzippien, wéi Mënscherechter, Gerechtegkeet, Solidaritéit, Fridden a Fräiheet. Am beschten net abstrakt, mee ganz konkret u Froe wéi "Firwat randaléieren a Frankräich grad sou vill Leit?", "Firwat huet am Summer an der Belsch de Bësch gebrannt?", "Wat geschitt am Sudan?", "Firwat si sou vill Kanner zu Lëtzebuerg aarm?", "Wéi beaflosst Social Media meng Meenung?“. Et geet drëms sech z'informéieren, ze diskutéieren, ze streiden an iwwer Léisungen nozedenken.
Zweetens ass déi Woch d‘Geleeënheet, fir sech mat senger Schoul ze befaassen a mat den Erwuessenen zesummen nozedenken, wat ee ka besser maachen a wou een zesummen hi wéilt. Flott Projete solle gewisen, valoriséiert a gefeiert ginn.

Drëttens stinn all Zorte vu Walen am Vierdergrond. An der Schoul an an de Maison Relaise ginn et vill Strukturen, wou Leit kandidéiere kënnen, z.B. fir d'Klassendelegéiert, de Kannercomité,d'Schoulparlament oder eben de Schülercomité. D'Wale fir d'Elterevertriedung kënnen och zu deem Zäitpunkt stattfannen.

Wielen dierfen ass eng Chance ...

Wielen dierfen ass eng Chance. Datt all Stëmm d'nämmlecht vill zielt, datt een däerf wielen, wien ee wëll an datt d'Wale geheim sinn, dat ass net selbstverständlech. Grad sou wéineg, wéi datt mer an engem Land liewen, wou een net an de Prisong kënnt, wann een d'Regierung kritiséiert, wou d'Minoritéite geschützt ginn, ee bei den Dokter ka goen, wann ee krank ass, den ëffentlechen Transport gratis ass a jiddereen d'Recht huet, muer e Club ze grënnen, deen him grad passt. Dat däerf ee sech roueg vun Zäit zu Zäit bewosst maachen, och wann et nach Verbesserungsbedarf gëtt.

... an eng Verantwortung

Gläichzäiteg solle Kanner a Jonker realiséieren, datt mat deene Fräiheeten och eng Verantwortung kënnt. Et ass net egal, wou ech mäi Kräiz hi maachen. Ech muss nodenken, wéi eng Kandidatinnen a Kandidate fir mech déi richteg sinn an iwwerleeën, ob dat, wat se soen, realistesch an ëmsetzbar ass. A mer och bewosst maachen, wat d'Konsequenze wäre fir all d'Leit, wann dësen oder dat d'Wale gewënnt. Weder an der Schoul nach bei anere Walen. Well Walen och dee Moment kënne sinn, wou eng Demokratie sech selwer ofschaaft. Dofir ass et wichteg, de Wäert vun der Demokratie ze erkennen an se ze feieren, soulaang mer se hunn! D'Woch vun der Demokratie soll dofir och genee dat sinn: e grousst Fest.

Back to Top
CIM LOGO