
D'Amerikaner wielen een Drëttel vum Senat an dat ganzt Representantenhaus nei. Sollten d'Demokraten dës Kéier gewannen, kënne si d'Wäisst Haus bis 2028 op d'mannst e bëssen an der Gitt halen.
Den Trump wiert sech dofir mat alle Moyenen: Hie manipuléiert d'Walbezierker, wëll d'Bréifwal aschränken oder versprécht alle Wieler 5.000 Dollar fir hir Stëmmen.
Wat sinn d'Versprieche vum Trump wäert ? En hat gesot, e géing dem Krich an der Ukrain banne 24 Stonnen en Enn setzen, Pëtrolspräisser géingen erof goen an d'Inflatioun géing gebremst. En hat gemengt, hir wier den nächsten Friddensnobelpräis-Laureat.
D'Realitéit ass eng aner: Elo huet den Trump d'Ukrain verroden an een Diesel-Deal mam Putin arrangéiert. De Krich géint den Iran suergt weider fir héich Energie-Präisser, mat katastrophalen Auswierkungen op d'Weltwirtschaft. Net ze schwätze vun der desastréiser Situatioun an Israel an an de Palestinensergebidder.
Hei e puer vum Trump sengen abstrusen Decisiounen : Douanes-Taxen, ginn mol erop, mol erof. Der UNO, dem Internationalen Strofgeriichtshaff, den Universitéiten, der Fuerschung, der Entwécklungshëllef oder ville Minoritéiten gëtt de Krunn zougedréit. An nach méi schlëmm: d'Violatioun vum internationale Recht a vum Rechtsstaat. Geriichtsurteeler ginn ëmmer méi oft ignoréiert oder no "Gutdünken" interpretéiert. Net ze schwätze vun enger geféierlecher Gesondheetspolitik a vun enger Attack géint "net-genehm" Medien. De Klimawandel iwwerdeems schéngt iwwerhaapt keen Thema méi ze sinn, et geet haaptsächlech ëm Diesel a Bensinn. D’Techgiganten, déi ons ëmmer méi kontrolléieren, kréien de rouden Teppech ausgerullt an d'Famill vum Trump gëtt duerch verschidden Dealer ëmmer méi räich.
Et huet een den Androck, wéi wann den Trump sech mat China a Russland a Gespréicher, ouni Europa, iwwer eng nei Weltuerdnung aléist, a versicht duerch d'Ënnerstëtzung vun extreme Parteien, ons Demokratie futti ze maachen a se duerch Autokratien ze ersetzen.
Et ass also am Interessi vun der Welt, dat heescht vun ons alleguer, wéi d'Amerikaner sech bei dëse Mid-terms entscheede wäerten. Bei enger Victoire vun den Demokraten en Dënschdeg ass et ze hoffen, dass et net zu schwéieren Affrontementer kënnt, well den Trump, als net Demokrat, genee wéi 2021, d'Walresultat net unerkennt.