
Positiv ze verbuchen ass: D'Kierch ass méi fräi ze soen, wat se denkt.
Den deemools gegrënnte Kierchefong fir d'Ënnerhale vu Kierchegebaier ass mëttlerweil arodéiert a leescht gutt Aarbecht. Och gëtt et zënterhier manner ideologesch Kämpf an der Gesellschaft. Ma de Präis dovun?
De Reliounsunterrecht gouf virun 10 Joer ofgeschaaft. Eng Begrënnung war, e géif als Walfach d'Kanner splécken. Haut spléckt déi nei Alphabetiséierung, op däitsch oder franséisch, eis Kanner an domat eis Gesellschaft méi substanziell wéi fréier just stonneweis den Unterrecht.
Deemools gouf den neie Cours "Vieso" agefouert, wou och d'Weltrelioune solle behandelt ginn. Ma an der Praxis glänzen déi villfach duerch Ofwiesenheet – ass gewosst, och wa bis elo nach, leider, keng objektiv Evaluatioun vun deem Cours geschitt ass. Konsequenz: Eis Kanner a jonk Leit, jiddefalls déi meescht, hu keng Blassanung méi vu reliéiser Kultur.
"Wien ass déi Fra do mat deem Kand?", froe se wa se eng Muttergottes-Duerstellung gesinn. Oder: "Wien ass dee plakege Mann do op den Holzbrieder?", wa se e Kräiz gesinn. Wat Allerhellegen, Chrëschtdag oder Ouschtere gefeiert gëtt, dovun hunn der ëmmer méi kee Begrëff méi.
Reliéisen Analphabetismus hëlt zou an domat d'"culture générale" of. Net nëmme "Pisa" gëtt eise Jugendlechen eng Datz, och bei de reliéise Basics – géifen déi da gemooss ginn – kriten se eng.
Kierchlech Neiastellunge laaschten um Budget vum Bistum an net méi vum Staat. Fir de Staat géing et do ëm Peanuts, fir d'Kierch ass et eng gewalteg finanziell Erausfuerderung, well – wou soll se et hierhuelen? Hire sagenhafte Räichtum, iwwert deen ëfters spekuléiert a polemiséiert gouf, huet sech als e "fake", eng Loftblos, erausgestallt. D'kierchlech Konnte ginn all Joer publizéiert a kënnen agesi ginn.
D'Trennung vu Staat a Kierch huet de Wee opgemaach fir d'Desakraliséierung vu Kierchen a Kapellen. Bei iwwer 25 ass dat ewell geschitt. An et wäerten der nokommen, well se aus ënnerschiddleche Grënn, als sakral Gebaier net méi gehale kënnen oder wëlle ginn. Och wa munch nei Arrangementer mat de Gemenge fonnt gi sinn an anerer denkbar wieren – valabeler a fraglecher –, sou bleiwen dach vill Froen op fir d'Zukunft vun eise Gotteshaiser, déi weder "Salles polyvalentes" nach "Centres culturels" oder Téistuffe sinn, ma als sakral Reim zum wäertvollste Patrimoine vum Land gehéieren.
Bei der Trennung vu Staat a Kierch sinn d'reliéis Communautéiten zolidd gestutzt ginn.
D'Fro ass: Wiem ass gedéngt, wa si – anescht wéi bei Sport a Kultur – vun den ëffentlechen Instanzen esou enk gehale ginn, datt hinne bal d'Loft ausgeet?