Carte blanche vum Blanche WeberD'Leit mathuelen ass gutt - ma wuer iwwerhaapt?

Blanche Weber
D'Regierung wëll eist op Katastrophesituatioune virbereeden. Ma mir brauchen als Mënsche méi an och eng Politik muss duerfir riicht stoen. Mir brauche kloer Visioune wéi eng besser Zukunft vu muer kann ausgesinn an et muss konsequent dru geschafft ginn.
© RTL Grafik

Fir all déi, wou Loscht haten am kléngen Inselstaat Tuvalu am pazifeschen Ozean Vakanz ze maachen: Maacht et séier. Wëll deen ass bis 2050 wéinst der Klimakatastrophe quasi net méi ze bewunnen, hunn ech de Weekend gelies.

D'Carte Blanche vum Blanche Weber

Dunn hunn ech och nach meng Post opgemaach a sinn do mat der Broschür vun der Regierung "Fir 72 Stonnen Autonomie – Zesummen, fir eis ze schützen" begléckt ginn. Wéi ech se duerchbliedert hunn, duecht ech mer: wat léist esou eng Broschür bei eis all aus? Wat och bei eelere Leit oder grad Jonken? Et ass jo scho verréckt, datt mer scheinbar an enger Krisenzäit ukomm sinn, wou mer drop virbereet ginn, wat mer maache sollen, wann d‘Elektrescht ausfält, dramatesch Cyberattacken oder Iwwerschwemmungen (Fro: nach schlëmmerer?) op eis géingen zoukommen asw...

Bon, wat et sécher ausléist, ass d'Fro, ob een eis muss soen, datt mer eis solle waarm halen, drénken oder eis Medikamenter weider huelen. Ma gutt, do laacht een oder et et rëselt een de Kapp.

Ma aner Gefiller wann een esou eng Broschür mat de Katastrophen-Norichten wéi deen vun den Inselstaaten zesumme kuckt si sécherlech: Beklemmung, Angscht, Loscht sech op dat Privat zeréckzéien, d'Fro, ob sech d’Kar nach erëm rappe léist, Zukunftsängschten, Trauer.

Bei der ablécklecher Multi-Krisenzäit sinn déi Gefiller nëmmen normal an et soll een se zouloossen. Ma derbäi stoe bléiwen, wär di falsch Äntwert. Erauskomme mer sécherlech just mat enger Portioun Roserei – mer loossen net zou, datt eis Welt futti gemaach gëtt, Engagement lount sech! Engagement a jo, och engem klore Message un dës Regierung:

Mer brauchen als Gesellschaft Zukunftsbiller, wéi eis Welt muer kann ausgesinn a Politiker, déi konsequent dorunner schaffen. Mir brauchen net nëmme Kriserecommandatiounen, och wann déi an Deeler legitim sinn. Wéi kréie mir weltwäit Gerechtegkeet hin? Wéi d’Klimakris zumindest esou gutt et geet an de Grëff? Wéi sollen eis Stied an Uertschaften muer ausgesinn, wann et ëmmer méi héich Temperature ginn? Wéi definéiere mir muer Wuelstand, d‘Zesummeliewen? Wéi kann d'Matenee geléngen? Wéi soll och eisen ekonomesche Modell ëmgestallt ginn, well mir jo grad beim Budget erëm matkruten, datt mir de Wuesstem dee mir bréichten fir de Sozialstaat um Rullen ze halen a priori net méi kréien.

Ma dës Zukunftsgestaltung ass net dat, wat eis Regierung am Ablack mécht: Stéchwuert Pragmatismus! Eng wënschenswäert Zukunft baut een net op, an deem ee vermeintlech kuerzfristeg Acquisen verdeedegt, hei an do bësschen eppes mécht a scho guer net wa Moossnamen hott an har ginn. Pragmatismus féiert derzou, datt eng kloer Linn feelt an d'Entwécklung net bewosst gesteiert gëtt! Heescht och d'Verantwortung vun der Politik op den Eenzelen drécken a soss d'Muecht Lobbyen ze ginn. Genau de Contraire ass néideg. Doriwwer muss ee bereet sinn ze diskutéieren, konstruktiv ze streiden a schlussendlech derfir anzestoen.

Niewent Kriserecommandatioune musse mir als Gesellschaft - an do huet d'Politik nu mol eng besonnesch Verantwortung - endlech opweisen, datt mir net nëmmen haiteg Krise geréiere wëllen, ma konkret un enger besserer Zukunftsvisioun schaffen! Dat awer mat Konsequenz! Grad och dëst si mir net zulescht de Jonke schëlleg.

Back to Top
CIM LOGO