
Den 21. Februar, e puer Deeg virun der russescher Aggressioun vun der Ukrain, gouf eng nei Initiative Citoyenne Européenne - kuerz ICE - lancéiert, fir den Handel mat illegale Kolonie vu besate Gebidder ze verbidden. Eng ICE ass en offiziellt Instrument vun demokratescher Biergerbedeelegung fir d’Elaboratioun vun EU Politiken. Wann eng ICE an engem Joer iwwer 1 Millioun Ënnerschrefte sammelt, muss d’Kommissioun d’Fuerderunge vun der Petitioun ënnersichen an debattéieren.
D’Campagne #StopTradeWithSettlements fokaliséiert sech op Produkter déi aus besate Gebidder kommen, net fir dësen Handel ze reglementéieren, mee fir en ze verbidden. Dësen Handel dréit derzou bäi eng no dem internationale Recht illegal Situatioun ze monetiséieren, ze ernären an ze perenniséieren.
Och wann illegal Kolonie no dem Konventioun vu Genève en Krichsverbrieche sinn, erlaabt d’EU den Handel mat hinnen. Am Fall vun den israelesche Kolonien, huet den UN Sécherheetsrot d’Staaten opgefuerdert hinne keng Assistenz ze ginn an d’EU huet schonn ëfters deklaréiert dass se eng flagrant Violatioun vum internationale Recht sinn. Mee d’EU handelt weider mat hinnen, wat natierlech hir Vergréisserung an Expansioun encouragéiert. En europäescht Gesetz, dat den Handel mat illegale Kolonie verbitt, wier och en staarkt Signal un d’Welt: D’EU wäert territorial Aggressiounen déi duerch Handel a Profit verstäerkt ginn, net méi belounen.
Fir kloer ze sinn, d’Campagne viséiert net israelesch Produkter, mee nëmme Produkter déi aus de Kolonie kommen. An et geet net nëmmen em israelesch Kolonien, mee em all Gebidder déi vum internationale Recht als illegal besat unerkannt sinn, d.h. Westsahara, Krim, Zypern. Et geet och net drëms den Handel mat der indigener Populatioun vun de besate Gebidder ze verbidden, mee nëmmen de mat Firmen aus Kolonie vun der Besatzungsmuecht.