D'Carte blanche vum Pierre HurtVertraue beim Baue brauch onofhängeg Berodung a Planung !

Pierre Hurt
Baut oder renovéiert Dir Äert Haus? Da geet Iech déi berufflech, intellektuell a finanziell Onofhängegkeet vun Ärem Architekt oder Ingenieur-Conseil direkt eppes un. Eng Carte blanche vum Pierre HURT , Direkter vum Ordre des Architectes et des Ingénieurs-conseils.
© RTL

Carte blanche vum Pierre Hurt

Aktuell gëtt de gesetzleche Kader vun 1989 fir Architekten, Ingenieuren an Urbaniste moderniséiert.

Den OAI ënnerstëtzt déi vill Fortschrëtter, déi am Gesetzesentworf 7932 stinn.

Op engem wichtege Punkt muss dësen Text awer nach méi genau ginn: Déi berufflech, intellektuell a wirtschaftlech Onofhängegkeet vun de Planer muss kloer am Gesetz verankert sinn.

Dës Onofhängegkeet ass d’Réckgrat vun de fräie Beruffer. A virun allem ass si eng wesentlech Garantie fir all Bauhär, fir onofhängeg beroden a begleet ze ginn.

Wa mir en Haus, eng Schoul oder e ganze Quartier bauen, musse mir eis op Planer verloosse kënnen, déi sech um Projet vum Bauhär orientéieren – an net un anere kommerziellen Interessen.

Dëst Vertrauensverhältnes ass essenziell. Besonnesch beim Bau oder bei der Renovatioun vun engem Eegenheem geet et dacks ëm d’Investitioun vun engem Liewen.

Wéi eng Planung bitt déi bescht Léisung fir de Site, de Kontext an d’Besoine vum Bauhär? Wéi fanne mir dee richtegen Equiliber tëscht Käschten, Qualitéit, Leeschtung, Flexibilitéit an Nohaltegkeet? Wéi eng Firma soll beoptraagt ginn? Wéi eng Materialien an Ausféierunge solle gewielt ginn? A wéi eng technesch Ausrüstung ass wierklech sënnvoll an néideg?

Wann e Planer e Baumaterial, eng technesch Ausrüstung oder eng Firma recommandéiert, muss de Bauhär drop vertraue kënnen, datt dës Wiel getraff gëtt, well si fir de Projet déi passendst ass – an net well aner wirtschaftlech Interessen eng Roll spillen.

Dat ass och wichteg, fir datt de Planer duerno onofhängeg d’Qualitéit vun de Materialien an déi korrekt Ausféierung vun den Aarbechten um Chantier kontrolléiere kann.

Et muss also verhënnert ginn, datt een Acteur gläichzäiteg "juge et partie" ass.

Huele mer e ganz konkret Beispill: Wann eng Firma, déi Fënstere verkeeft, e wesentlechen Undeel un engem Architektebüro huet, wéi kann de Bauhär sécher sinn, datt dat recommandéiert Produkt eleng gewielt gouf, well et déi bescht Léisung fir de Projet ass?

Dofir fuerdert den OAI kloer Garantien am neie Gesetz.

D’absolut Majoritéit vum Kapital soll an den Hänn vu Fachleit bleiwen, déi autoriséiert sinn, hire Beruff onofhängeg auszeüben.

Och bei anere Bedeelegungen um Kapital muss séchergestallt sinn, datt keng wirtschaftlech Interessen d’Onofhängegkeet vum Büro a Fro stellen. Dat betrëfft besonnesch Acteuren, déi selwer Immobilien entwéckelen, Bauaarbechten ausféieren oder Baumaterialien an technesch Ausrüstunge verkafen.

Et geet also net drëm, d’Moderniséierung ze bremsen. Am Géigendeel. Et geet drëm, dës Moderniséierung esou ze gestalten, datt d’Onofhängegkeet vun de Planer och an Zukunft garantéiert bleift.

Well Vertraue beim Baue brauch onofhängeg Berodung a Planung !

Back to Top
CIM LOGO