Carte blanche vum Bob ReuterDemokratie ass wéi d’Aarbecht am Stot

Bob Reuter
An der Carte Blanche vun haut beliicht de Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, den Demokratie-Stresstest vun der Chamber a freet sech, ob d'Gesetzer eleng duerginn, fir eis Demokratie virun enger autoritärer Dérive ze schützen.
© RTL

Carte blanche vum Bob Reuter

"Et ass ni fir ëmmer gewonnen, an ni fir ëmmer verluer“. Dee Saz hunn ech dëse Summer zu Ottawa um Welthumanistekongress héieren. E koum vun der Arndís Gunnarsdóttir, enger islännescher Humanistin, déi iwwer de Widderstand géint Ideologie geschwat huet, déi d'Demokratie an d'Mënscherechter ugräifen. Hire Verglach war ganz einfach: D'Demokratie verdeedegen ass wéi d'Aarbecht am Stot. D'Kiche botzt een net ee fir allemol. Et muss ee se ëmmer nees botzen, an nees.

Un hatt hunn ech geduecht, wéi ech gelies hunn, datt eis Chamber hiert eegent Haus inspizéiere léisst. Hir Cellule scientifique mécht e "Stresstest" vun eisen demokrateschen Institutiounen. De Begrëff kënnt aus dem Bankesecteur: Et simuléiert een um Pabeier déi schlëmmste Kris, fir d'Rëss ze fannen, ier d'Realitéit et mécht. Hei ass den Zenario, datt eng Partei mat enger illiberaler Agenda zu Lëtzebuerg eng Majoritéit gewënnt, an d'Fro ass, wat dann nach hält.

D'Etüd geet vun engem klore Constat aus. Modern Autokrate brauche seele Panzer; si benotzen Affekoten. Si loossen d'Geriichter, d'Parlament an d'Press stoen, mee si hiele se vu bannen aus: hei e loyale Riichter, do e gekierzte Budget, do eng "procédure d’urgence", fir sech d'Debatt ze spueren. An Ungarn war dat bal alles perfekt legal.

Déi éischt Resultater, déi am Juni presentéiert goufen, berouegen nëmmen op den éischte Bléck.'europäescht Recht ass eis "éischt Verdeedegungslinn", mee et funktionéiert nëmmen, wann eis eege Riichter a Fonctionnaire sech weider drop beruffen. An d'Geriichter si lues, d'Autokrate si séier. Anescht gesot: Reegele maachen d'Aarbecht net vum selwen. Iergendeen muss de Biesem an d'Hand huelen. An eng Méiglechkeet gëtt bewosst net ënnersicht: d'Ännerung vun der Constitutioun selwer. Genee dee Wee ass de Viktor Orbán gaangen. Ech hoffen, datt d'Chamber dës Méiglechkeet net ausser Uecht léisst, ier de Stresstest ofgeschloss ass.

Also jo: Loosst eis besser Sécherungen an eis Gesetzer schreiwen. Déi proposéiert "pro homine"-Klausel, déi d'Geriichter obligéiere géif, ëmmer déi Norm unzewenden, déi d'Grondrechter am beschte schützt, verdéngt eng seriö Debatt. Mee mat enger Klausel ass näischt fir ëmmer gewonnen.

Genee dofir ass de Stresstest eng gutt Saach: D'Chamber stellt sech selwer a Fro. Eng autoritär Regierung ass haut net a Siicht. Mee eis Demokratie huet hir Schwaachstellen, och an der Chamber selwer. Op déi gutt Intentioune vun deenen ze zielen, déi grad regéieren, wär en Akt vu Glawen. Demokratie ass organiséierten Zweiwel.

An do kënnt den drëtte Pilier vum Stresstest an d'Spill: d'Zivilgesellschaft, also eng fräi Press, onofhängeg Fuerschung, d'Associatiounen, mir all. Loosst eis mat upaken, haut a muer an iwwermuer. Ëmmer nees. Et ass vill méi einfach, all Dag ze botzen, wéi e Stot erëm propper ze kréien, dee jorelaang vernoléissegt gouf.

Back to Top
CIM LOGO