
Ëmgekéiert klammen op den internationale Bourssen zanter längerem schonn d’Aktiecoursen an Dividende fir Milliardären a Groussaktionäre monter weider, virun allem an de Beräicher Energieversuergung a Militär. Dofir riichte sech d'Protester natierlech och géint déi ganz wansinneg Oprëschtungsspiralen, déi esouguer riskéieren eist Europa, gewollt oder ongewollt, an e Krich mat Russland eranzemanövréieren.
Dat och e Grond, Angscht virun engem eventuelle Krich, firwat vill Jonker, zum Beispill an Däitschland och op d’Strooss ginn, well se Angscht hu virun enger obligatorescher Wehrpflicht. Fir mech absolut verständlech, wann een un déi schlëmm Krichserfarungen aus dem 1. oder 2. Weltkrich, oder un den aktuellen Ukrain-Russland-Konflikt denkt.
Dat gesot, nach eng lescht Remark iwwert e ganz wichtegt Evenement, dat déi lescht Woch zu Paräis stattfonnt huet. Et gouf do nämlech en internationale Kongress vu weltbekannten Ekonomisten, Sozialwëssenschaftler a Politologen, dorënner dräi bekannt Nobel-Präisdréier, déi an engem "Manifeste de Paris" d’Weltëffentlechkeet informéieren a waakreg rësele wollten iwwert den absolut skandaléise Räichtum vun enger winzeger, mee mächteger Minoritéit vu Milliardären, déi an de leschte Joerzéngten nach ëmmer méi räich gi sinn an doduerch och vill Aspekter vu Politik, Gesellschaft a Medie konnte manipuléieren, kafen oder korrompéieren.
Dozou just ee klengt Zuelebeispill:
1987 haten 0,0001 Prozent Milliardären 3 Prozent vum ganze weltwäite Bruttosozialprodukt.
Elo, 2026, besëtzen déi selwecht ronn 3.000 Milliardäre scho 17 Prozent dovun, Tendenz steigend.
Zwou kleng Froen zum Schluss: