
Et geschitt engem ëmmer méi oft: soubal een ufänkt driwwer ze schwätzen, gëtt ee schif ugekuckt. "Fänk dach net erëm domadder un! D'Welt wäert schonn net ënnergoen".
Ech schwätzen natierlech vun der KI, der Kënschtlecher Intelligenz. No dem Hype aus den éischte Joren an nodeem mir elo alleguerte Grafiker, Museker oder Finanzexperte sinn, huet ee méi a méi d'Gefill, wéi wann et sech net passt, déi Saach a Fro ze stellen.
Wann eng Dier zou geet, gëtt jo anscheinend och éirewou eng Fënster op. An do sinn ech da bei der Aarbechtswelt. Iwwerall héiers de "natierlech wäert d'KI eng ganz Rei Beruffer vereinfachen an automatiséieren, mee doduerch ergi sech och nei berufflech Opportunitéite fir mat der AI zesummen ze schaffen".
De Problem ass, dass et net esou einfach ass. Mee hu mir de Mutt, eis dat anzegestoen ? A kucke mir no vir a bereeden eis op dat vir, wat ee komme gesäit?
Erënnert Iech un d'Titanic.
Wann s du am Wanter wëlls mat engem Schëff iwwer den Atlantik briederen, muss du am Kapp behalen, dass do Äisbierger sinn. An dass esou e Schëff net an enger Sekonn d'Richtung wiesselt. Och brauchs du genuch Rettungsbooter.
Wou schwammen d'Äisbierger um Aarbechtsmaart? Bei de Jonken! An Amerika ass d'Beschäftegung vun den 22- bis 25-Järegen an de Beruffer, déi am meeschten der KI ausgesat sinn, ëm 13 Prozent erofgaangen.
Bei hiren eelere Kolleegen net. Déi grouss Audit-Firme proposéiere manner a manner Plaze fir Leit ouni Beruffserfarung. KPMG an England bal en Drëttel manner, EY 19% manner.
An hei? De Statec rechent mat 64.000 Aarbechtsplazen, déi zu Lëtzebuerg kéinten automatiséiert ginn, dat sinn ëmmerhi 14%. Bei den administrativen Employéen ass méi wéi d'Hallschent betraff. Bei de Fraen ass de Risiko méi héich wéi bei de Männer. A bei de Lëtzebuerger ass e bal duebel esou héich wéi bei den auslännesche Salariéen.
Jo, et entstinn nei Aarbechtsplazen. Mee fir wien? Fir déi, déi haut schonn e Virsprong hunn: den Diplom, d'Erfarung, de Reseau. Och dat weist de Statec: Wien e Master huet, deem hëlleft d'KI. Wien e Secondaire-Ofschloss huet, ass am meeschte menacéiert. Dat sinn hei bal 40.000 Leit.
Wat maache mir mat all deene Leit, wann et knuppt? Geet et do wéi bei der Titanic? Déi hat och Rettungsbooter. An der éischter Klass hu bal zwee vun dräi Passagéier iwwerlieft. An der drëtter Klass ee vu véier.
An et bleift jo net bei engem Beruff. Beruffer an Aktivitéiten hänken zesummen. Mir hunn dat beim Covid gesinn: Teletravail, dat heescht manner Leit am Büro, manner Clienten am Restaurant, an der Botzerei, an an der Groussgaass.
Et fiert kee Wee laanscht d'KI; dat schéngt mir evident. Mee wéi kënne mir hiren Impakt beaflossen oder mitigéieren? Ganz sécher net mat Initiativen, déi virun 30 Joer gegraff hunn. Genau wéi d'KI eis forcéiert, aneschtes ze schaffen, musse mir och innovativ Initiativen entwéckele fir den Impakt ofzefiederen. Mir brauche genuch Rettungsbooter, richteg Gréisst, richteg Form an esou weider. A sech musse mir
d'Konzept vun engem Rettungsboot komplett iwwerschaffen.
D'Äis ass gemellt. Mir wëssen, wou et ongeféier schwëmmt. Elo musse mer just nach decidéieren, wéi schnell mir drop lass briederen. A wat mir mat deene maachen, fir déi mir kee Rettungsboot hunn.