
Remigratioun! E kontroverse Begrëff. Rietsextremer mëssbrauchen en, fir Ausgrenzung a Verdreiwung hannert engem harmlos kléngende Wuert ze verstoppen. An dem Sënn well ech haut net iwwer Remigratioun schwätzen.
Ech wëll haut vun engem anere Retour schwätzen: vu Lëtzebuergerinnen a Lëtzebuerger, déi hiert Land wéinst den héije Wunnengspräisser verlooss hunn. Vu Mënschen, déi gär zeréckkéimen, wa si sech dat leeschte kéinten.
Lëtzebuerger, déi wéinst den héije Wunnengspräisser an d’Ausland hu misse plënneren, sollen nees heemkomme kënnen.
Mat Remigratioun mengen ech hei: Heem kommen an eng bezuelbar Wunneng. Natierlech plënnert net jiddereen onfräiwëlleg an d’Ausland. Verschidde Leit decidéieren sech ganz bewosst fir e Liewen a Frankräich, an der Belsch oder an Däitschland a sinn do ganz glécklech.
Awer wéi fräi ass esou eng Entscheedung, wann een sech mat sengem Akommes keng Wunneng am eegene Land leeschte kann? Wann een eigentlech gär géif bleiwe, mee nëmmen op där anerer Säit vun der Grenz eng bezuelbar Wunneng fënnt?
Déi Leit hunn, ganz zurecht, dat Gefill, aus hirem Land verdriwwen ze ginn. Hir Aarbechtsplaz bleift hei, hir Famill, hir Frënn, hiert Veräinsliewen. Nëmme wunne kënnen si hei net méi.
Ganz vill vun deene Leit géife gäre rëm zeréck op Lëtzebuerg kommen. Zeréck an hiert Land.
Mee, wéi eng Méiglechkeete gi mir deene Mënsche fir hier onfräiwëlleg Migratioun réckgängeg ze maachen?
De Staat an d’Gemenge mussen däitlech méi bezuelbare Wunnraum schafen, besonnesch sozial Mietwunnengen. Eidel Wunnengen an onbebauten Terraine musse mobiliséiert ginn.
An de Präiswucher um Locatiounsmarché muss mat engem Mietdeckel konsequent bekämpft ginn. All déi Mesure brauche mir elo direkt an net eréicht an ee puer Joer … oder Joerzéngten.
Mir brauchen endlech eng konsequent Logementspolitik. Esou wéi se vum Kollektiv Logementskris an deenen 1000 Leit, déi de leschte Freiden an der Stad demonstréiert hunn, gefuerdert gëtt.
De Retour vun de Lëtzebuerger am Ausland wier e konkrete Moossstaf fir den Erfolleg vun dëser Politik.
Ech wënsche mir e Lëtzebuerg, an deem d’Mënschen aus fräie Stécker fortgoe kënnen. An deem si bleiwe kënnen. An an deem si och d’Méiglechkeet hunn, zeréckzekommen.
Mee wien zeréckkomme wëll, dee brauch eng bezuelbar Wunneng.
An deem Sënn musse mir iwwer Remigratioun schwätzen: als e Retour, deen duerch eng entschlosse Wunnengsbaupolitik méiglech gëtt.