
An engem Secteur, an deem d'Majoritéit vum Personal aus Frae besteet, sollt ee mengen, datt d'Vereenbarkeet vu Beruff a Famill eng Selbstverständlechkeet wier. D'Realitéit an eise Lëtzebuerger Spideeler gesäit awer dacks anescht aus.
Ech schaffen zanter 14 Joer als Infirmière anesthésiste an engem Lëtzebuerger Spidol. Ech hunn Erfarung an der Intensivmedezin, am Operatiounssall an am Rettungsdéngscht gesammelt. Ech sinn engagéiert, qualifizéiert a maachen meng Aarbecht mat grousser Passioun. Gläichzäiteg sinn ech Mamm a schaffen net Vollzäit.
A verschiddene Spideeler zu Lëtzebuerg stousse Fraen, déi net Vollzäit schaffen, op Hindernisser, wann si e Congé parental à mi-temps wëllen huelen. Dobäi ass grad dëse Modell eng Méiglechkeet, fir weiderhin aktiv um Beruffsliewen deelzehuelen, seng Kompetenzen an Erfarung anzebréngen a gläichzäiteg senger familiärer Verantwortung gerecht ze ginn.
Amplaz esou eng Léisung ze ënnerstëtzen, gëtt se a verschiddene Fäll vun der Direktioun refuséiert. Domat ginn déi betraffe Frae virun eng schwéier Entscheedung gestallt: entweder hir berufflech Aktivitéit staark anzeschränken oder op déi gewënschten Zäit mat hirer Famill ze verzichten.
Ass et net paradox, datt mir iwwerall iwwer Personalmangel am Gesondheetssecteur schwätzen, mä gläichzäiteg motivéiert a qualifizéiert Mataarbechterinnen duerch esou Entscheedungen aus dem aktive Beruffsliewen drängen?
Mä dëse Problem limitéiert sech weder op d'Spideeler nach op de Gesondheetssecteur. Et ass eng vill méi breet gesellschaftlech Problematik, déi sech op verschiddenen Niveauen an der Aarbechtswelt erëmfënnt – souwuel am Privatsecteur wéi och an anere Beruffsberäicher.
Fraen, déi net Vollzäit schaffen, hunn dacks manner Chancen op eng berufflech Weiderentwécklung, op Féierungspositiounen oder op Poste mat méi Verantwortung. Dobäi stellt sech d'Fro: Zanter wéini hänken d'Kompetenzen, d'Erfarung an d'Féierungsqualitéite vun engem Mënsch dovun of, wéi vill Stonnen en d'Woch schafft?
Besonnesch problematesch gëtt dës Situatioun wärend der Schwangerschaft, no der Gebuert oder an de Joren, an deenen d'Kanner nach kleng sinn. Grad an dëse Liewensphasen, an deene Fraen Ënnerstëtzung a Flexibilitéit bräichten, gi si net seelen mat Entscheedunge konfrontéiert, déi hir berufflech Zukunft beaflosse kënnen.
Firwat muss eng Fra sech iwwerhaapt tëscht hirer Karriär an hirer Famill entscheeden? Firwat soll eng Schwangerschaft, e Congé parental oder eng Deelzäitbeschäftegung hir berufflech Perspektive limitéieren?
Eng Fra, déi sech bewosst fir Deelzäit entscheet, fir Beruff a Famill ënnert een Hutt ze kréien, ass net manner kompetent, manner motivéiert oder manner engagéiert.
An dach entsteet dacks den Androck, datt Fraen, déi sech fir hir Famill entscheeden, indirekt berufflech Konsequenze mussen droen. Wien seng Aarbechtszäit reduzéiert, riskéiert, bei Beförderungen oder bei der Verdeelung vu Verantwortung net méi berécksiichtegt ze ginn. Wien dogéint seng Karriär weiderféiere wëll, gesäit sech heiansdo gezwongen, bei der Famill zeréckzestiechen.
Dat ass keng richteg Wielfräiheet. Dat ass en Dilemma, an dat Fraen och haut nach ëmmer erëm gedréckt ginn.
Besonnesch onverständlech fannen ech dës Situatioun an engem Beruffsfeld wéi dem Gesondheetssecteur, dat gréisstendeels vu Frae gedroe gëtt. Mir schwätzen iwwer Gläichberechtegung, Fraefërderung a Familljefrëndlechkeet. Mä wéi vill dovun gëtt tatsächlech am Alldag ëmgesat?
Wa Féierungspositioune praktesch nëmme fir Vollzäitbeschäftegter zougänglech sinn, ginn da net automatesch virun allem déi Frae benodeelegt, déi wéinst hirer familiärer Verantwortung hir Aarbechtszäit reduzéiert hunn?
Et kann dach net sinn, datt Fraen, déi sech fir Kanner entscheeden, doduerch indirekt fir hir familiär Entscheedunge bestrooft ginn. Eng Mamm ze sinn däerf kee Karriärhindernis sinn. An Deelzäitaarbecht däerf net automatesch bedeiten, datt een op berufflech Perspektiven oder Verantwortung verzichte muss.
Natierlech bréngen Deelzäitmodeller, Congé parental a Féierungspositiounen organisatoresch Erausfuerderunge mat sech. Mä dës Erausfuerderunge kënnen net als pauschal Begrënnung déngen, fir qualifizéierte Frae berufflech Méiglechkeeten ze verweigeren. Et brauch de Wëllen, flexibel Léisungen ze sichen, amplaz un traditionelle Strukturen festzehalen.
Mir brauchen eng Aarbechtswelt, déi net nëmmen iwwer Gläichberechtegung schwätzt, mä dës och konkret ëmsetzt. Eng Aarbechtswelt, an där d'Kompetenz an d'Engagement vun engem Mënsch méi zielen ewéi säi Beschäftegungsgrad. An där eng Schwangerschaft oder e Congé parental net als Nodeel fir d'Karriär ugesi gëtt.
Meng Fro un d'Politik, d'Patronen, d'Spidolsdirektiounen an d'Gewerkschaften ass dofir kloer: Wéi laang wëlle mir nach akzeptéieren, datt Fraen tëscht hirer Famill an hirer berufflecher Entwécklung musse wielen?
A virun allem: Wéi glaubwierdeg ass eng Gesellschaft, déi sech no bausse fir Gläichberechtegung, Fraerechter a Familljefrëndlechkeet ausschwätzt, wann dës Wäerter an der Aarbechtswelt net konsequent ëmgesat ginn?
Eng Fra soll net musse beweisen, datt si trotz hirer Famill eng gutt Mataarbechterin oder eng gutt Cheffin ka sinn. Hir Kompetenze solle fir sech schwätzen.
Gläichberechtegung däerf net just op Pabeier existéieren. Si muss och do ukommen, wou Fraen all Dag schaffen.
Sabrine Lafleur-Da Silva, Eng engagéiert Infirmière, Mamm a Fra, déi sech méi Gläichberechtegung an der Lëtzebuerger Aarbechtswelt wënscht.