Virun IbizaSchëff mat 7.000 Tonnen Diesel u Bord ënnergaangen, een Doudegen

AFP, iwwersat vun RTL
Virun der Küst vun der spuenescher Insel Ibiza ass en Donneschdeg de Moien e Schëff ënnergaangen, dat bis zu 7.000 Tonnen Diesel transportéiert huet. Dat mellen déi spuenesch Rettungsdéngschter.
D'Küst vun Ibiza.
D'Küst vun Ibiza.
© JEROME LEBLOIS/Hans Lucas via AFP

Vun den ingesamt 17 Leit, aus deenen den Equipage bestanen huet, wier eng Persoun ëm d'Liewe komm, heescht et weider. Firwat d'Schëff ënnergaangen ass, wéi och de méiglechen Impakt vum Ongléck op d'Ëmwelt, ass den Ament nach net kloer.

D'Schëff, dat ënnert malteeseschem Fändel gefuer war, war ënnerwee vun Algeciras op Barcelona.

Dësen Artikel gëtt am Laf vum Dag aktualiséiert.

Back to Top
CIM LOGO