
Elo wou mer matzen am Hierscht sin, huet eise Kierper a Kapp séch wéi all Joers lues a lues un den frësch Temperaturen an ëmmer méi kuerz Dages- a Sonnestonnen gewinnt. Trotzdem ass dës Adaptatioun vir verschidde Leit zu Lëtzebuerg vu Wäitem keen Indikator vun engem kompletten Wuelfillen mat dëser Joereszäit.
Tatsächlech gin ët all Joers Leit, déi e sougenannten Summerblues erliëwen. Dëst schéint Begrëff beschreiwt op enger poetëscher Manéier d'Nostalgie vun de Leit géigeniwer de waarmen Temperaturen a den laange Dages- a Sonnestonnen.
Och wann de Sprong vun der Hëtz op der Keelt séch net vun engem Dag op den aaneren mécht, ass déi éischt Konfrontatioun mat den frësch Temperaturen oft eng gewësse brutal Realitéit fir d'Leit déi séch a kompletter Harmonie mam Summer a seng météorologësch an astronomësch Eegeschaften fillen.
D’Realitéit fir deene Leit verdäischtert séch ganz leider wuertwiertlëch duerch dei progressiv Verréngerung vun den Dagestonnen an doduercher och d'Sonnestonnen. De Wiëssel op der Wanterzäit, deen all Joers op de leschte Sonndeg vum Oktober stattfënnt, kënnt op verschidde Leit duer wéi den Sensenmann deen den Doud vum Summer ëffentlëch annoncéiert. Vläit erklärt dat och, dat dësen Auerzäitwiëssel symbolësch ëmmer héchstens eng Woch virun Allerhelljen stattfënnt.
Am Plaz den Hierscht als Joereszäit vun der Trauer ze betruechten, wëll ëch haut zwee Konzepter aus Japan virbréngen, déi eis op enger einfacher a flotter Art a Weis erméiglëchen, den Hierscht aus enger ganz entgéigegesaate Siicht ze betruechten an ze erliëwen.
Nämlech den Kōyō an den Momijigari.
Den Kōyō ass eng japanësch Traditioun, déi séch an der zäitgenossescher Perioud an der japanëscher Vollékskultur verbreet huet duerch d'Fotografie an d'Sozialnetzwierker.
Hei geet et drëms, no den giëlen, orangen a roude Verfaarwungen vun den Beemer am Laf vum Hierscht ze sichen, genausou wéi an enger Schatzjuegd. Dëse Verfaarwungsprozess ass e Joeresnaturphänomän, deen während enger Duerchschnëttsperioud vun engem Mount am Oktober an Ufank November haaptsächlëch stattfënnt. Während dësem Naturprozess verfärwt séch d'Landschaft mat waarm Faarwetounungen vun senge Beemer, an der chronologëscher Reienfolg vun giël, orange a rout.
Well dëse Spektakel vergänglëch ass, gin déi Landschaften a Japan wéi eecht Schätz bewonnert an duerch d'Fotografie veréiwegt. Niëwen de rengen aussergewéinlëchen Naturspektakel drot den Kōyō ganz vill zum kierperlëchen an geeschtlëschen Wuelfillen bäi. D'Bewonnerung vun den progressiven Verfaarwungen vun den Beemer erlaawt eis, nach e Stéck Wärmt ze empfaangen duerch déi waarm Faarwen. Gläichzäiteg gi mer duerch déi um Bueden gefaalene Bleeder op enger poetëscher an harmonëscher Manéier an der Realitéit bruecht, dat Hierscht d'Joereszäit ass fir lues a lues méi Zäit mat Heemaktivitéiten ze verbréngen. Ënner deene Aktivitéiten gëllt dann natiërlëch och d'Raschten an d'Entspaanen, well d'Natur am Hierscht progressiv ufänkt ze schlofen.
De Kōyō erlaawt eis, den Hierscht ze akzeptéiren an esou méi positiv a fléissend doduercher ze goen.
Wat d'Traditioun vum Momijigari ugeet, dës ass eng japanësch Traditioun, déi séch genausou wéi de Kōyō an der zäitgenossescher Perioud an der japanëscher Vollékskultur verbreet huet duerch d'Fotografie an d'Sozialnetzwierker.
D'Wuert besteet aus dem Wieder « momiji » (Ahorn op Japanësch) an « gari » (Juegd op Japanësch). Des Traditioun beschreiwt esou d'Juegd no den Ahorn. Hei geet et drëms, no den giëlen, orangen a roude Verfaarwungen vun den Ahorner am Laf vum Hierscht ze sichen, genausou wéi an enger Schatzjuegd.
A genausou wéi beim Kōyō gin déi Ahornlandschaften bewonnert a duerch d'Fotografie veréiwegt.
Am Enneffekt kann een behaapten, dat den Momijigari e Spezialfall vum Kōyō ass, dee séch nëmmen op den Ahorn beschränkt.
Dës Ähnlëchkeet erklärt och, firwat déi zwou japanësch Traditiounen ausserhalb vun Japan oft verwiësselt gin.
Well ëch duerch dësen Artikel d'Positivitéit an d'Schéinheet vum Hierscht zu Lëtzebuerg un all Lieser weider iwwerdroe wëll, hun ëch mëch entscheed, meng Fotoen vum Kōyō zu Esch-Sauer um 24.10.2026 matzedeelen. Lëtzebuerg ass duerch senger grousser grénger Naturdiversitéit en idealen Terrain fir de Kōyō an de Momijigari ze erliëwen.
Iwwrëgens hun ëch méch fir d'Uertschaft Esch-Sauer entscheed, well dëst aussergewéinlëcht Duerf dëst Joer vum däitsche Magazin GEO als eng vun den 20 schéinsten Uertschaften Europas bezeechent gouf.
Zulescht wëll ëch de Leit bewosst maachen, dat d’Stauséigéigend och ausserhalb vun der Haaptvakanzejoereszäit (Enn Juni bis Ufank September) erliëwenswert ass. Well d'lokal Awunneren an Institutiounen ëmmer méi mat den Konsequenzen vum Massentourismus am Summer ze din hun, wëll ëch duerch dësen Artikel Leit ermutegen, den Naturpark Uewersauer an den aaneren Joereszäiten ze genéissen.
A well den Hierscht nach e Stéck Summer duerch déi waarm Faarwetounungen vun de Beemer bréngt, ass dës Joereszäit dann eng ideal Geleegenheet, fir d'Stauséigéigend an seng Päreluertschaft Esch-Sauer ze besichtëgen !