Corinne PaxKaffiTreff – gutt gelaunt an déi nei Woch

Lieserbréif vum Corinne Pax
© RTL

Et ass nach fréi moies. Déi éischt Leit sinn awer schonn do a waarden op d’Ekipp vum Club Uewersauer – well si wëssen: Méindes- a Freidesmoies ass KaffiTreff!
D’Dëscher ginn zesummegeréckelt, d’Still geréckelt an déi bescht Plaze geséchert. D’Romy an d’Rute wëssen mëttlerweil ganz genau, wien wou sëtzt. An et dauert net laang, bis d’Ronn
komplett ass an déi éischt Gespréicher ufänken.

"Ass d’Annette aus der Vakanz erëm?"
"Sinn nach Plaze fräi fir op Bréissel?"
"Wien geet haut mat an de Pizza Hut iessen?"
"Huet een eppes vum Claudine héieren?"

Et gëtt gelaacht, geplangt, nogefrot a sech firenee interesséiert.

Verschidde Leit kommen all Méindeg a Freideg. Fir si ass de KaffiTreff e feste Rendez-vous, deen einfach zu hirer Woch dozougehéiert. Anerer kucke just kuerz laanscht, wa si grad hir Kommissioune maachen. E „Moien“, eng Taass Kaffi an e kuerzt Gespréich – an heiansdo bleift een dann awer méi laang.

Zënter Kuerzem gëtt et och e KaffiTreff zu Woltz: all Mëttwoch am Kaffi KaraMelli. Domat kënnt eng weider Geleeënheet dobäi, fir sech an engem gemittleche Kader ze treffen, sech
auszetauschen an einfach e bëssen Zäit zesummen ze verbréngen. An ëmmer nees kommen nei Gesiichter dobäi. Déi eng hunn d’Ekipp schonn e puer Mol gesinn, wéi si hei zesummesëtzt. Aus der Virwëtz gëtt séier e Gespréich:

"Ech fannen dat esou flott, wann Dir hei beieneesetzt."
Oder ganz spontan:
"Dierf ech mech bei äre Club dobäisetzen?"

Natierlech dierf jidderee sech dobäisetzen. Et brauch keen Termin, keng Umeldung a kee besonnesche Grond. E fräie Stull an d’Loscht op e bëssen Gesellschaft ginn duer. An et ass schéin ze gesinn, wéi d’Leit hei opbléien. Déi eng kommen am Ufank nach e bëssen zeréckhalend eran, mee schonn e puer Minutte méi spéit gëtt gelaacht, erzielt a matdiskutéiert.
Een huet eng Geschicht ze erzielen, deen aneren e gudde Spréch parat – an op eemol ass déi ganz Ronn am Gespréich.

De KaffiTreff ass domat vill méi wéi eng einfach Kaffispaus. D’Leit fille sech hei wuel a gehéieren dozou. Si kennen d’Gesiichter ronderëm den Dësch, si gi begréisst, wann si erëmkommen, an et fält op, wann een eng Kéier net dobäi ass. Mee genee an dëse Gespréicher entsteet nach eppes aneres. Et gëtt net nëmmen iwwert dat geschwat, wat war, mee och iwwert dat, wat kéint kommen. Wat géif de Leit gefalen? Wou hu si Loscht drop? Wat kéint een zesummen ënnerhuelen?

D’Iddien a Wënsch vun de Leit kënnen esou zum Ausgangspunkt fir nei Aktivitéite ginn a matbestëmmen, wéi sech de Club weiderentwéckelt.

Dat ass eng wichteg Säit vun der Aarbecht vum Club Uewersauer: d’Leit net nëmme mat Aktivitéiten ze erreechen, mee hinnen och d’Méiglechkeet ze ginn, selwer matzeschwätzen a
matzegestalten. Dofir ass den Austausch ronderëm den Dësch esou wäertvoll. D’Ekipp lauschtert no a kritt mat, wat d’Leit beschäftegt, wat si sech wënschen a wat hinnen um Häerz läit. Esou kann de Club besser op hir Besoinen agoen.

Aus engem Gespréich kann eng Iddi entstoen, aus enger Iddi eng Aktivitéit – an aus enger einfacher Fro heiansdo e gemeinsame Plang.
"Wien geet haut mat an de Pizza Hut iessen?"
Eng ganz einfach Fro. Mee vläicht ass et genee esou, wéi Gemeinschaft entsteet: mat enger Taass Kaffi, engem gudde Gespréich an engem fräie Stull.

Eng Taass Kaffi ass eben net ëmmer just eng Taass Kaffi.

Back to Top
CIM LOGO