Celestino FecchiWéi vill Kontroll loosse mir eis nach gefalen?

Lieserbréif vum Celestino Fecchi
© RTL Grafik

Et gëtt een heiansdo d’Gefill net lass, datt mir an Europa geschwënn fir alles eng Erlaabnis brauchen ausser vläicht nach fir ze ootmen. An och do kéint iergendwann eng nei Veruerdnung kommen!

Alles gëtt gereegelt, kontrolléiert, dokumentéiert an iwwerwaacht. An elo sollen och nach eis Autosplacken automatesch erfaasst ginn. De Staatsrot huet eng formell Oppositioun géint de Gesetzesprojet vum Inneminister Léon Gloden erhuewen. Mee anscheinend ass de Wonsch no méi Kontroll méi staark wéi d’Bedenken.

Verstitt mech net falsch: Ech sinn absolut fir eng staark Police. Krimineller solle verfollegt ginn, an eis Sécherheet muss garantéiert sinn. Mee muss dofir all éierleche Bierger behandelt ginn, wéi wann en e potenzielle Verdächtege wier?

Haut gëtt eis Autosplack registréiert. Muer vläicht eis Beweegungen, iwwermuer eis Gewunnechten. A mat kënschtlecher Intelligenz kéinten all dës Informatioune matenee verbonne ginn. Technesch faszinéierend, demokratesch awer net onbedéngt berouegend.

Vläicht kréie mir enges Daags eng Noriicht: „Léiwe Bierger, Dir sidd haut dräimol an déi selwecht Strooss gefuer. Kënnt Dir eis dat wannechgelift erklären?“ Dat kléngt iwwerdriwwen? Natierlech! Mee genee do läit de Problem: Wat gëschter nach onvirstellbar war, gëtt haut als Fortschrëtt presentéiert.

Ëmmer déiselwecht Begrënnung: méi Sécherheet, méi Effizienz, méi Präventioun. A wie kritesch Froe stellt, kritt séier den Androck vermëttelt, hie géif géint d'Sécherheet sinn.

Zënter wéini ass et verdächteg, seng Fräiheet wëllen ze verdeedegen?

Eng Demokratie brauch Vertrauen an hir Bierger, net nëmmen ëmmer méi Kontrollinstrumenter. De Staat soll de Bierger schützen, net säin Alldag bis an de leschten Detail analyséieren.

Ech froe mech heiansdo, ob mir um Wee an eng Gesellschaft sinn, an där de Mënsch ëmmer méi wéi e Roboter behandelt gëtt: gutt registréiert, gutt kontrolléiert an am beschten ouni ze vill kritesch Froen.

Mir brauchen eng staark Police, jo. Mee mir brauchen net e Staat, deen alles iwwer eis wësse wëll. Well wa mir eis Fräiheet Schrëtt fir Schrëtt opginn, brauche mir eis enges Daags net ze wonneren, wann net méi vill dovun iwwreg ass.

An da kënne mir eis vläicht nach freeën, datt mir ouni Autorisatioun dierfen ootmen.

Back to Top
CIM LOGO