Ernest Nilles, Procureur vun Dikrech"1. Kéier a Lëtzebuerger Justizgeschicht, wou sou eng Quantitéit fonnt gëtt"
E Freideg de Mëtteg konnten de Léon Gloden, den Ernest Nilles an den David Lentz am Kampf géint d'Drogekriminalitéit e grousse Succès mellen.
"1. Kéier a Lëtzebuerger Justizgeschicht, wou sou eng Quantitéit fonnt gëtt"
E Freideg de Mëtteg konnten de Léon Gloden, den Ernest Nilles an den David Lentz eng erfreelech Ukënnegung maachen, am Kampf géint d’Drogekriminalitéit.
Et war e Concasseur aus Kolumbien, op deen d’Lëtzebuerger Autoritéiten opmierksam gi waren. Bei der Kontroll vun de Walze goufen honnerte Päck fonnt, verpak a Quantitéite vu jee engem Kilogramm. D’Substanz an de Päck huet sech als Kokain erausgestallt. Een esou ee Pak huet um Marché e Wäert vu ronn 90.000 Euro. Et goufe wéi gesot honnerten där Päck séchergestallt, ee geneeë Chiffer konnt een nach net nennen.
D’Päck ware mat Wuess zesummegepecht, wat et immens schwéier gemaach huet, se all aus den Trommelen erauszekréien.
RTL-Informatiounen no stoung d’Maschinn, déi eigentlech genotzt gëtt, fir am Stroossebau Steng kleng ze muelen, an der Gemeng Rammerech. Dat wollt d’Justiz op der Pressekonferenz net bestätegen, well d’Enquête nach amgaange wier.
Grousse Coup géint d'Drogekriminalitéit (7.2.25)
E Freideg de Mëtteg haten de Stater an den Dikrecher Parquet stënterlech op eng Pressekonferenz invitéiert. Hei gouf matgedeelt, dass een honnerte Kilo Kokain konnt sécherstellen. Eppes wat et an deem Mooss esou zu Lëtzebuerg virdrun nach net ginn ass.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Parquet confirméiert honnerte Kilogramm Kokain a kolumbianeschem Concasseur (7.2.25)
PDF: Pressecommuniqué vun der Lëtzebuerger Justiz (7.2.25)