
De Staat leet do nach 350.000 Euro bäi, fir d’Gemenge bei hirer Zesummenaarbecht z’ënnerstëtzen. Den deementspriechenden Accord ënnert dem Titel “Forum régional Centre” gouf en Donneschdeg ënnerschriwwen, deelt de Landesbauministère per Communiqué mat. D’Gemenge Bartreng, Hesper, Leideleng, Mamer, Nidderaanwen, Sandweiler, Schëtter, Steesel, Stroossen, Walfer an d’Stad Lëtzebuerg maache mat.