An enger Privatwunneng koum et en Dënschdeg géint 17.30 Auer zu engem Sträit mat déidleche Suitten.

Deen uergen Tëschefall zu Réimech war ee Relatiounsdrama, präziséiert de Parquet um Mëttwoch.

Bei engem Sträit huet deen 22 Joer ale Mann seng 22 Joer al Frëndin mat engem Messer ugegraff an ëmbruecht. Dono huet de Mann sech selwer schwéier mam Messer blesséiert. Hien ass antëscht net méi a Liewensgefor. Et war d'Famill vun der Koppel, déi d'Rettungsdéngschter an d'Police geruff huet.

Um Mëttwoch de Moie gouf eng Autopsie gemaach.

De Parquet gouf informéiert an d'Spuresécherung vum Miess- an Erkennungsdéngscht gouf op d'Plaz geruff.

VIDEO: Fatal Messerpickerei en Dënschdeg zu Réimech
Eng jonk Fra koum ëm d'Liewen, e Mann schwieft a Liewensgefor. - Onkommentéiert Biller aus der Muselpärel vum Dënschdegowend.

Hei d'Schreiwes vum Parquet vum Mëttwoch am Nomëtteg:

Hier, le 24 juillet vers 17h30, un conflit relationnel entre un couple a eu lieu dans un appartement à Remich. Lors de cette dispute, un homme de 22 ans a attaqué sa partenaire, également âgée de 22 ans, avec un couteau. Les blessures étaient telles que la jeune femme a succombé sur les lieux. Des membres de la famille avaient alerté les secours et la police.

L’homme présentait aussi des blessures de couteau. Vraisemblablement, il s’était porté ces coups lui-même. Il avait été héliporté  aux soins intensifs et opéré d’urgence. Ses jours ne sont plus en danger.

Le parquet de Luxembourg avait immédiatement chargé la police technique ainsi que le service criminalité générale de la police judiciaire de l’enquête. Le représentant du parquet et le juge d’instruction chargé de l’instruction s’étaient rendus sur les lieux du crime.

Ce matin une autopsie de la victime a été réalisée.