
Géint 14:50 Auer ass et an der Rue de Gasperich zu Hesper zu enger Kollisioun tëscht zwee Gefierer komm. Dobäi ass eng Persoun verwonnt ginn. Am Asaz waren d'Stater Ambulanz an d'Pompjeeë vun Hesper.
Um 15:10 Auer sinn zu Stroossen op der Kräizung vun der Areler Strooss mat der Rue de l'Église zwee Autoen net laanschtenee komm. Och hei ass eng Persoun blesséiert ginn. Eng Ambulanz aus der Stad an d'Pompjeeë vu Mamer waren op der Plaz.