
De Stuerm Boelo suergt aktuell fir esou staarke Wand, dass um Fluchhafe Schipol zu Amsterdam sëllege Vollen ausfalen oder sech verspéiden. Souwuel d'Departen, wéi och bei d'Arrivéeë si betraff.
Och concernéiert ass e Vol vun der KLM, dee laut lux-airport.lu um 14:45 Auer a Richtung Amsterdam soll fortfléien. Op der Schipol-Säit ass déi ursprénglech Arrivée vu 16 op 17:07 Auer verréckelt ginn.