
Ugefaange mat de Renten:
Aktuell Pensionären däerfe sech iwwer e Reajustement, also iwwer eng Upassung un d’Real-Léin freeën. Mam neie Joer sinn d’Renten ëm annerhallwe Prozent eropgaangen. Bei de Pensiounen trëtt progressiv d’Reform a Kraaft, déi rezent um Krautmaart gestëmmt gouf. Leit, déi méi laang schaffe ginn, kënne vun engem steierlechen Abattement profitéieren.
Wie pensiounsberechtegt ass an awer fräiwëlleg bis 65 Joer schaffe geet, ka pro Joer 9.000 Euro ofsetzen. Bestanddeel vun där Reform ass jo och, datt d’Cotisatioune fir all Partie vun 8% op 8,5% erop ginn. Wien eng privat Pensiounsversécherung ofschléisst, ka vun dësem Joer un net méi just 3.200€, mä 4.500€ steierlech geltend maachen.
Ganz vill Changementer am neie Joer betreffen Adaptatioune bei de Steieren:
A punkto Ëmwelt zum Beispill gëtt d’C02-Steier erhéicht, op elo 45 Euro pro Tonn. Fir dës Hausse ofzefiederen, geet de Steierkredit ëm 24 Euro erop, elo dann op 216€. D’Besteierung vu Saisonsaarbechter gouf vereinfacht an de maximale Stonneloun gouf vu 16€ op 18€ eropgesat. De Pak mat 20 Zigaretten da kascht zënter e Freideg 30 Cent méi. A punkto Tubak ginn am neie Joer och d’Reegelunge fir Nikotin-Säck an aner Nikotin-Produite méi strikt. Lëtzebuerg féiert am neie Joer de sougenannten “Defence Bond” an.
Mat dëser Staatsobligatioun kënne privat Investisseure sech un den Defense-Ausgabe bedeelegen. De Rendement op den Zënsen ass steierfräi.
Eriwwer bei d’Energie: Vum éischte Januar un iwwerhëlt de Staat en Deel vun de Reseau-Käschte beim Stroum.
An der Familljepolitik komme weider Hëllefe fir eeler Leit, déi a Strukture liewen oder vu betreite Wunnforme Gebrauch maachen.
Am Logement gëtt ënner anerem en nationale Regëster fir bezuelbare Wunnraum geschaaft. Umelle kann een sech op myguichet.lu.
De sougenannte RENLA ersetzt eng Partie Prozeduren, déi bis ewell en Place waren.
Am Beräich Medezin triede Changementer am Spidolsgesetz a Kraaft. An der ambulanter Versuergung sollen zousätzlech kleng Interventioune baussent dem Spidol méiglech ginn, notamment an de Beräicher Dermatologie an Ophtalmologie. Dernieft trëtt de rechtleche Kader fir d’Schafung vun Doktersgesellschaften a Kraaft.
Méi spéit am Joer kënnt dann nach eng grouss Ännerung an der Educatioun. Vun der Rentrée 2026/2027 un trëtt d’Alphabetiséierung op Franséisch schrëttweis a Kraaft. D’Schoulflicht geet iwwerdeems vu 16 op 18 Joer erop.
Dëst ass just en Deel vun de Changementer fir d’neit Joer. Weider Detailer fannt Dir um Site vun der Regierung.